Rakéiten an Dronen amplaz TouristenDe Krich trëfft d'Golfdestinatiounen, Europa dierft profitéieren

Dany Rasqué
Céline Eischen
Duerch de Krich am Noen Oste musse vill Leit hir Reespläng fir d'Ouschtervakanz nach emol séier iwwerdenken, wa se dat net scho gemaach hunn.
Konsequenze vum Iran-Krich op d'Reesbranche
De Konflikt am Noen Osten huet och en Impakt op d’Reesen. De Kerosin gouf méi deier a vill Vollen, déi iwwer d’Regioun ginn, hu missen annuléiert ginn.

Destinatioune wéi Dubai, Abu Dhabi an den Oman ware gutt gebucht, heescht et vun der Unioun vun de Reesagencen, déi sech awer keng gréisser Suerge mécht. Et géif een nämlech mierken, datt d’Leit trotz Krich reese wëllen.

Impakt vum Konlfikt am Noen Osten op Reessecteur / Reportage Dany Rasqué

Den Ament géif dofir ganz vill ëmgebucht ginn. Leit, déi hir Vakanz an der Golfregioun wollte verbréngen, siche sech aner Destinatiounen, wéi de President vun der Unioun vun de Reesagencen, de Fernand Heinisch, seet.

“Mir probéieren elo natierlech Alternativen ze sichen. Dat ass dann natierlech méi hei an der Géigend. Spuenien, d’Kanaresch Inselen, Italien, Frankräich oder Richtung Karibik. Do ass jo och alles nach roueg. Mir probéieren eise Clienten ze hëllefen an de Reesbüroen an da kucke mer, wéi et déi nächst Méint weider geet.”

De Fernand Heinisch, President vun der Unioun vun de Reesagencen
De Fernand Heinisch, President vun der Unioun vun de Reesagencen
© Domingos Oliveira

Fir d’Golfregioun ass de Schued enorm. Experten no kéint den Tourismus dëst Joer tëschent 34 a 56 Milliarden Dollar u Recettë verléieren, d’Zuel vun den Touriste kéint ëm bis zu 27 Prozent falen an den Imageschued, dee riskéiert sech méi laang wéi nëmmen e puer Wochen ze halen. Dovunner profitéieren natierlech aner Géigenden.

“Mir wëssen aus verschiddene Krisen, datt elo Europa nees méi staark gebucht gëtt. Do wäerte Spuenien an Italien ganz staark profitéieren, awer och ëmmer méi nordesch Länner, wou ganz vill Croisièren hi ginn. Dofir: mir stellen eis drop an an och déi grouss Reesveranstalter si schonn drop agestallt. Mir kënne relativ séier reagéieren.”

D’Golfregioun war an de leschte Joren net just zu enger beléifter Reesdestinatioun mat garantéierte Sonnestonne ginn, mä
Dubai, Abu Dhabi an Doha si wéinst hirer geographescher Lag tëschent Europa, Asien an Afrika och wichteg Transitfluchhäfen.
Just ee Beispill: een Drëttel vun de Passagéier, déi vun Europa a Richtung Asie fléien, maachen en Tëschestopp op engem vun deenen dräi Fluchhäfen. Dës Flich mussen den Ament eng aner Streck fléien, zum Beispill iwwert d’Tierkei oder iwwer Indien. Dat suergt op där enger Säit dofir, datt de Fliger méi laang ënnerwee ass an op där anerer Säit, datt méi Kerosin gebraucht gëtt an de Präis vum Ticket an d’Luucht geet.

De Fernand Heinisch hofft, datt de Krich séier eriwwer ass an da géif een erëm roseg an d’Zukunft kucken. Eppes, wat dem Secteur an de leschte Krisejoren nawell hätt kënne vergoen - mä en huet elo Übung.

“Kleng Krisen, grouss Krisen - duerfir - mir sinn dru gewinnt. Mir probéieren natierlech eis Clienten ze berouegen, se ze beroden. Wärend dem Irak-Krich war wierklech alles dout, mä elo, ech mengen, d’Clientë sinn och aneschters wéi fréier a kucke méi genee wou wat ass.”

Dofir wieren d’Reesagencen hei am Land den Ament net beonrouegt an awer misst een oppassen, esou hire President de Fernand Heinisch.

Back to Top
CIM LOGO