
Benevolle vun der Ëmweltorganisatioun Greenpeace wollten d’Déier am Laf vum Moien nees vun engem Boot aus ukucken. Duerno géif d’Lag op en Neits evaluéiert ginn, esou de Spriecher vum Ministère.
De Wal hat sech e Méindeg den Owend fräigeschwommen, nodeems hien deeglaang an der Wismarer Bucht festsouz. En Dënschdeg am Nomëtteg ass de Wal dunn nees a méi flaachem Waasser gestrant. “D’Gesamtprognos fir d’Déier ass net gutt”, hunn de Schweriner Ëmweltministère zesumme mat Ëmweltschützer en Dënschdeg den Owend erkläert. D’Situatioun “bleift kritesch”. “An awer gi mir d’Hoffnung net op, datt sech de Wal aus eegener Kraaft nees a Beweegung setzen”, stoung et wieder an der Erklärung.
Den 12 bis 15 Meter laange Buckelwal huet sech den Autoritéiten no viru ronn véier Wochen an der Ostsee veriert, e Méindeg d’lescht Woch ass d’Déier fir d’éischt virun der Küst vu Schleswig-Holstein gestrant. Nodeems en do mat Baggere befreit gouf, ass en e Samschdeg viru Mecklenburg-Vorpommern an der Wismarer Bucht hänke bliwwen.
E Méindeg den Owend huet sech d’Déier nees aus eegener Kraaft befreit, nodeems Experte méi no un de Wal gaange sinn an e mat akusteschen Uräitzer dozou bruecht hunn, sech nees fräizeschwammen. De Wal war en Dënschdeg e puer Stonne verschonnen, ier d’Déier nees an der Wismarer Bucht opgedaucht ass.
Gréisser Waler sinn an der Ostsee net doheem, well d’Conditiounen dofir net gëeegent sinn. De Wal, dee vun de Medien “Timmy” gedeeft gouf, leit Fachleit no ënner anerem ënner massiven Hautprobleemer, well an der Ostsee ze mann Salz ass. Den huet ausserdeem Netzer am Mond, déi bis ewell just deels fortgemaach konnte ginn.