
An der irakescher Haaptstad Bagdad gouf eng amerikanesch Journalistin entféiert, wéi den US-Ausseministère matdeelt. D’US-Autoritéite schaffen drun, d’Fräiloossung vun der Journalistin “esou séier wéi méiglech” z’erreechen, heescht et vum Ministère en Dënschdeg. Eng Persoun mat Relatiounen zu der pro-iranescher paramilitärescher Katajeb Hisbollah, “déi am Zesummenhang mat der Entféierung stoe soll” wier vun den irakeschen Autoritéite festgeholl ginn, huet de Staatssekretär fir global Ëffentlechkeetsaarbecht am US-Ausseministère, den Dylan Johnson, op X geschriwwen.
Den Johnson huet erkläert, datt den Ausseministère d’Journalistin virun de Riske vun enger Rees an den Irak gewarnt hat. Dës Warnung huet de Ministère doropshin nach emol un all US-Bierger erausginn: “Den Ausseministère réit allen Amerikaner, Medievertrieder inclus, all Reeshiweiser ze suivéieren.”
Déi irakesch Autoritéiten hunn iwwerdeems matgedeelt, si hätten e Gefier ofgefaangen, dat sech iwwerschloen hätt, wéi d’Passagéier probéiert hunn, ze flüchten. “De Sécherheetsbeamten ass et gelongen, ee vun de Verdächtege festzehuelen an ee Gefier, dat bei der Dot benotzt gouf, sécherzestellen”, heescht et vum irakeschen Inneministère. D’Autoritéite géingen deemno weider doru schaffen, aner Bedeelegter festzehuelen an d’Journalistin fräizekréien.
D’Journalistin gouf vu Medierechtsorganisatioune a vun Al-Monitor, engem vun de Medien, fir déi si geschafft huet, als Freelance Shelly Kittleson identifizéiert. Al-Monitor huet sech an engem Communiqué “zudéifst beonrouegt” iwwer d’Entféierung gewisen an hir “sécher an direkt Fräiloossung” gefuerdert. “Mir stinn hannert hirer wichteger Berichterstattung aus der Regioun a fuerderen hiren direkte Retour, fir datt si hir wichteg Aarbecht weider féiere kann.”
Der Stëftung International Women’s Media no ass d’Kittleson eng “seriéis Journalistin” mat Erfarung am Noen Osten.
D’USA hunn hir Bierger fir d’lescht viru wuessende Risiken am Irak gewarnt, wou den Iran Afloss op eng Rei schiitesch Gruppen huet. Den Irak hat erkläert, datt d’Land net an de Krich vun den USA an Israel géint den Iran eragezu wéilt ginn.