Livestream geschwënn op RTLPressekonferenz mam Premier Luc Frieden no der éischter Tripartite-Ronn am Nomëtteg

Pierre Jans
No enger Rei Preparatiounsreuniounen tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften ass um Dënschdeg déi éischt Tripartite-Ronn zu Senneng.

D'Sozialpartner wëlle Mesuren decidéieren, fir op den Impakt vum Iran-Krich ze reagéieren. D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB huet e Pak mat Fuerderungen ausgeschafft. E wichtege Volet ass d'Protegéiere vun Aarbechtsplazen an e speziellen Investitiounsfong vu 7 Milliarden Euro, mat deem virun allem bezuelbar Wunnengen an d'Energietransitioun solle finanzéiert ginn. Den Indexsystem däerf net a Fro gestallt ginn. D'Nora Back, Presidentin vum OGBL an hiren Homolog beim LCGB, Patrick Dury, hu virun der Reunioun gemengt, si wéilte konstruktiv mat verhandelen.

De Pierre Jans huet sech virum Ufank vun der Tripartite live um Radio ragemellt

De Pierre Jans live vu Senneng: D'Tripartite ass vum 18 Auer nach amgaangen

D'Patronat huet an engem Communiqué no de Preparatiounsreuniounen drop higewisen, dass et staark Mesurë bräicht, fir kompetitiv Betriber och an der aktueller konjunktureller Kris ze stäerken.

Lancement de la Tripartite face à la crise conjoncturelle : l’UEL appelle à des mesures fortes en faveur de la compétitivité des entreprises — Union des Entreprises Luxembourgeoises

De Premier Luc Frieden hat am Virfeld scho relativ frei annoncéiert, dass den Index net zur Diskussioun stoe géif.

Luc Frieden iwwert Tripartite-Agenda: "Den Index ass a Stee gemeesselt"

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP huet drop higewisen, dass een iwwerhaapt elo eréischt am Ufank vun der Tripartite gewuer géif ginn, iwwer wat konkret géif geschwat ginn. Esou sot et de Romain Wolff.

Op RTL kënnt Dir den Owend och déi éischt Conclusioune vun den Diskussiounen am Livestream suivéieren. D'Pressekonferenz mam Premier Luc Frieden gëtt géint 18 Auer op RTL.lu gestreamt.

Back to Top
CIM LOGO