
Den Iran huet mat enger Dronenattack en Terminal fir Passagéier vum Fluchhafen zu Kuwait City ugegraff. Vun der Plaz heescht et, dass de Fluchverkéier ënnerbrach an eng onbekannten Zuel Persoune blesséiert gi wieren. Nom Ugrëff wier den Noutfallplang aktivéiert ginn, fir Passagéier a Personal, grad esou wéi d'Infrastruktur vum Fluchhafen ze sécheren.
Bis op Weideres sinn all Vollen op aner Fluchhäfen an der Regioun deviéiert ginn. Technesch Ekippe wiere schonn amgaangen, no de Schied ze kucken an ze reparéieren. Réischt e Méindeg war de concernéierten Terminal 1 no Reparaturen a Verbesserungen erëm opgaangen, nodeems de Fluchhafe scho puermol vu feindlechen Drone getraff gi war.
E Spriecher vum Verdeedegungsministère huet den Ugrëff als "kriminell iranesch Aggressioun" bezeechent, déi fir vill Schued a Blessure gesuergt hätt.