
Zu Sankt Petersburg sinn e Mëttwoch de Moie Militär- an Energieanlage vun ukraineschen Drone getraff ginn. D'Ugrëffer si vu béide Säite confirméiert ginn. Geschitt si se um Dag vun der Ouverture vum Wirtschaftsforum an der zweetgréisster russescher Stad. Duerch den Ugrëff war de Fluchhafe vu Sankt Petersburg an der Nuecht gréisstendeels gespaart.
De Gouverneur vun der Stad mellt, dass keen ëm d'Liewe komm wier. Kiew huet verlaude gelooss, dass d'Ugrëffer den dräi Deeg laange Forum stéiere sollen, un deem, nieft ronn 20.000 Gäscht aus 130 Länner, och de russesche President Wladimir Putin wäert deelhuelen. De Forum gëllt als "russescht Davos".

Den Ugrëff op Sankt Petersburg koum een Dag no russeschen Ugrëffer mat Rakéiten an Dronen, bei deenen an der Ukrain 23 Persoune gestuerwe sinn. Bei enger Dronenattack am russesch kontrolléierten Deel vun der ostukrainescher Regioun Donezk sinn, de lokalen Autoritéiten no, siwe Mënschen ëmkomm an eelef weiderer blesséiert ginn. Eng Dron hätt e Reesbus getraff, deen tëscht Moskau a Simferopol ënnerwee war. Am Nordoste vun der Ukrain ass an der Regioun Sumy bei enger russescher Attack eng Persoun gestuerwen an 18 weiderer si blesséiert ginn, dorënner véier Kanner. 36 Uertschafte wiere beschoss ginn, sou déi ukrainesch Police.