
D'Police vun Dortmund war en Dënschdeg den Owend géint 19:15 Auer an de Staddeel Höchsten geruff ginn, nodeems e Mann an engem Restaurant randaléiert hat. Wéi d'Beamten op d'Plaz koume fir de Mann ze kontrolléieren, huet dësen op si geschoss. Ee Polizist ass dobäi liicht blesséiert ginn, wéi seng Schutzwest getraff ginn ass. D'Beamten hu mat engem Warnschoss geäntwert.
Dono huet de Mann sech, zesumme mat sengem dräi mannerjärege Kanner, a senger Wunneng verschanzt. D'Police huet doropshin d'Ëmgéigend ofgerigelt a Spezialiste sinn op d'Plat geruff ginn, fir mam 51 Joer ale Mann Kontakt opzehuelen. No "ganz laange" Gespréicher huet de presuméierten Täter e Mëttwoch de Moie fréi géint 3:30 Auer opginn a seng Wunneng verlooss, fir sech ze stellen. Hien ass festgeholl a seng Waff séchergestallt ginn.
Déi dräi mannerjäreg Kanner wieren onverletzt an der Wunneng ugetraff ginn. Si sollen einstweile vu Mataarbechter vum Jugendamt betreit ginn. D'Mamm wier bei der Police a Sécherheet.