
Besonnesch betraff vum Taifun sinn d'Regioune Kinki, Tokai a Kanto, wou zum Deel esou vill Reen gefall ass wéi nach ni virdrun. Dem japanesche Wiederdéngscht no sinn an 9 Präfekturen op d'mannst 400.000 Stéit mat ronn 820.000 Leit opgeruff, z'evakuéieren. Bis ewell sinn 22 Blesséierter gemellt ginn. Den "Jangmi" ass dee sechsten Tropestuerm vum Joer a Japan, d'lescht Joer waren der 27 gezielt ginn.

Fir de Floss Kozagawa an der Präfektur Wakayama huet de Wiederdéngscht um fréie Mëttwochmoien déi héchste Warnstuf erausginn. Et war déi éischte Kéier zanter der Aféierung vum neie System Enn Mee a bedeit, datt onmëttelbar Liewensgefor besteet. Trotz enger Rei Iwwerschwemmunge si bis ewell awer keng Affer gemellt ginn. Och Flëss an der Regioun Kanto, zu där d'Haaptstad Tokio gehéiert, hu fir Iwwerschwemmunge gesuergt, wärend an anere Präfekture Warnunge virun Äerdrëtsch erausgaange sinn.
Lokal si fir de Juni nei Rekordwäerter beim Néierschlag gemooss ginn. Donieft si Wandvitessen iwwer 100 Kilometer an der Stonn erreecht ginn - Meteorologe rechne souguer mat Spëtzte bis 160 Kilometer an der Stonn. Duerch den Taifun sinn och de Verkéier op de Stroossen, op de Schinnen an an der Loft betraff. Verschidden Autobunne sinn zum Deel gespaart ginn, eng Rei Zich sinn ausgefall, mee am schlëmmste betraff ass d'Aviatioun, mat bal 900 Vollen, déi ausgefall sinn.
De ganze System vum Stuerm beweegt sech mat enger Vitess vu ronn 40 Kilometer an der Stonn a Richtung Ostnordost. D'Autoritéite ginn dovun aus, datt den Taifun e Mëttwoch den Owend no der Kanto-Regioun ëstlech vun der Boso-Hallefinsel op de Pazifik erauszéie wäert. Nieft staarke Schauere gëtt och mat bis zu 8 Meter héije Welle gerechent.
