Play-Off an der Nations LeagueRout Léiwe gewannen och de Retourmatch géint Malta a bleiwen an der Liga C

Steven Milbert
En Dënschdegowend stoung de Retourmatch tëscht Lëtzebuerg a Malta um Programm, an deem et ëm de Maintien an der Liga C an der Nations League gaangen ass.

Nodeems sech Lëtzebuerg en Donneschdeg mat der 2:0-Victoire op Malta an eng gutt Ausgangspositioun gespillt huet, ass et en Dënschdegowend dorëms gaangen, fir dëst ze gutt Resultat ze bestätegen, fir och weiderhi kënnen an der Liga C vun der Nations League ze spillen.

Um Enn kënne sech d’Lëtzebuerger souverän mat 3:0 géint Malta behaapten. Dëst an engem Match, an deem d’Lëtzebuerger sech am Verglach zum Allersmatch däitlech gesteigert a mat méi Zoch no vir gespillt hunn. Obschonns een hannen déi eng oder aner Kéier e bësse geschwommen ass, steet no Aller- a Retourmatch e 5:0 fir d’Rout Léiwen um Bou, soudatt een de Maintien an der Liga C packt an déi nächst Saison d’Géigner an der Nations League Island, Bulgarien an Estland heeschen. Malta bleift dogéint an der Liga D.

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Lëtzebuerg a Malta
Lëtzebuerg wënnt och de Reourmatch a bleift domadder am Grupp C

Am anere Play-Off-Match huet iwwerdeems Lettland spéit gewonnen. Lettland a Gibraltar trenne sech deemno 1:0. Duerch dës an eng 1:0-Victoire am Allersmatch bleiwen d’Letten an der Liga C, wougéint Gibraltar weiderhin an der Liga D untriede wäert.

D’Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match
Lauschtert eran, wat d’Léiwen nom Match géint Malta ze soen hunn

De Resumé vum Match

Lëtzebuerg - Malta 3:0
1:0 Thill (20'), 2:0 Sinani (51'), 3:0 Moreira (70')

D'Goler vum Match tëscht Lëtzebuerg a Malta
Um Enn huet de Bonello missen dräi Mol hannert sech gräifen

D’Malteeser si gutt an de Match gestart an hunn d’Lëtzebuerger um falsche Fouss erwëscht. Esou konnten d’Gäscht och déi éischten Occasioun am Match vermellen. Den Mbong huet an der 8. Minutt op de Chouaref geflankt, deen de Ball artistesch per Säitfallzéier geholl an de Moris zu enger schéiner Parad gezwongen huet. Vun de Lëtzebuerger war an der Ufanksphas iwwerdeems net vill ze gesinn. Déi éischt nenneswäert Chance hat de Korac fir d’Léiwen an der 13. Minutt, mä de Lëtzebuerger, dee bei Venedeg ënner Kontrakt steet, huet de Ball bei sengem Distanzschoss an den zweete Stack geschoss.

Mä mam éischte cadréierte Lëtzebuerger Schoss sollten d’Léiwen dunn aus dem Näischt a Féierung goen. De Bohnert mécht an der 20. Minutt en Aworf op de Sinani, deen dovu profitéiert, datt e Malteeser e Loftlach schléit, soudatt dësen de Ball ongestéiert op den zweete Potto flanke kann. Op dësem huet de Vincent Thill gelauert, deen de Ball ugeholl, e Crochet geschloen an de Ball doropshin äiskal am Gol ënnerbruecht huet. Nom Gol ass de Match dunn nees ofgeflaacht, ier datt d’Malteeser ëm déi 30. Minutt nees eng Drockphas lancéiert hunn.

An dëser krut de Muscat an der 32. Minutt no enger Flank den zweete Ball an huet probéiert dëse per Volley am Gol ënnerzebréngen, wat dem Malteeser dunn awer net gelénge sollt. An der 34. Minutt war et dunn de Chouaref, dee säi Gléck mat engem Distanzschoss probéiert huet, mä och dëse sollt de Moris net bezwénge kënnen, deen de Ball souverän paréiere konnt. D’Lëtzebuerger hu sech dogéint nach eng Kéier kuerz virum Téi gemellt. Mä eemol war den Thill bei engem Konter ze verspillt an huet e Crochet ze vill geschloen, soudatt dës u sech gutt Occasioun verpufft ass an eng aner Kéier huet de Sinani bei engem Eelefmeter an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent Nerve gewisen an dësen net am Gol ënnerbruecht. Dëst well de Bonello am Malteeser Gol de Ball entschäerfe konnt. Deemno ass et mat enger 1:0-Avance fir d’Lëtzebuerger an d’Kabinne gaangen. E Score, mat deem d’Rout Léiwe gutt liewe konnten.

Et waren awer op en Neits d’Malteeser, déi besser an déi zweet Hallschent erakomm sinn, esou huet de Moris an der 48. Minutt e Fräistouss vum Satariano misse paréieren. Mä nëmmen dräi Minutten drop louch de Ball fir d’zweet am Filet vum Bonello am malteesesche Gol. No engem Gewurschtels am Strofraum vun de Gäscht ass de Ball beim Barreiro gelant, dee séier gezünt huet an de Ball op de Sinani geluecht huet. De Profi vu St. Pauli ass dës Kéier ganz cool bliwwen an huet de Ball no engem kuerzen Dribbling zum 2:0 fir d’Rout Léiwen am Gol ënnerbruecht. Doropshin war de Match dacks ënnerbrach. Vill Feeler hunn de Match gepräägt, wat och een Affer mat sech bruecht huet. De Leandro Barreiro huet nämlech no esou engem Feeler blesséiert missen ausgewiesselt ginn. Mä och d’Malteeser hu missen op ee Spiller misste verzichten: Den Mbong krut an der 64. Minutt seng zweete giel Kaart gewisen an huet fréizäiteg dusche kënne goen.

An der 66. Minutt huet de Moris nees missen agräifen. Dëst nodeems den Ewurum no engem séiere Konter zum Ofschloss kommen ass. Mä de malteesesche Schoss konnt de Moris op Käschte vun engem Corner klären. A wéi no all gudder malteesescher Chance sollt kuerz drop e Gol fir Lëtzebuerg falen. De Korac schéckt de Moreira an d’Lach, deen am 1-géint-1 mam Bonello den Iwwerbléck behält an de Ball flaach am Gol ënnerbrénge kann. Nom 3:0 haten d’Lëtzebuerger nach deen een oder anere Golschoss, mä weder dem Jans nach dem Sinani sollt e weidere Gol geléngen, soudatt sech d’Rout Léiwen um Enn no 90 Minutte, och dank engem staarke Moris, mat 3:0 géint Malta behaapte kënnen a si domadder am Grupp C an der Nations League bleiwen.

D’Analys an d’Reaktiounen nom Match

Nations-League: Lëtzebuerg klappt Malta och am Réckmatch
Nom 2:0 op Malta konnte sech d’Rout Léiwen doheem esouguer mat 3:0 duerchsetzen a sech domadder d’Plaz an der Grupp C sécheren.
D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match
Lauschtert eran, wat d’Léiwen nom Match géint Malta ze soen hunn

D’Resultat vum anere Play-Off

Lettland - Gibraltar 1:0
1:0 Cernomordijs (90'+3)

Déi komplett Resultater, d’Tabellen an d’Statistike fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO