
“Hien hat genuch Kraaft getankt, fir op d’Motivatioun duerch eist Boot ze reagéieren a lasszeschwammen”, esou den Ëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern, den Till Backhaus (SPD). De Wal war allerdéngs fir d’éischt emol an déi falsch Richtung lassgeschwommen, Richtung Wismarer Hafen.
Virdrun hat den Ëmweltministère vu Mecklenburg-Vorpommern, Experte vum Däitsche Mieresmusée a Vertrieder vun der Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace a Sea Shepherd matgedeelt, datt sech den Zoustand vum Wal verbessert hätt. “D’Rou, déi mir dem Déier ginn hunn, huet offensichtlech gewierkt”, hu si erkläert.
D’Greenpeace-Aktivistin Sandra Schöttner huet erkläert, hir Kolleege wiere “mat der Waasserschutzpolice ënnerwee, fir de Wal op de Richtege Wee ze bréngen.” Dem Wal säi Wee wier nach “ganz wäit”, e “gudden éischte Schrëtt” hätt en awer elo scho gemaach. De Burkard Baschek, wëssenschaftlechen Direkter vum Däitsche Mieresmuseums, huet erkläert, et géif elo probéiert ginn, de Wal “vum Hafen ofzehalen”. En Dënschdeg géif elo gekuckt ginn, “wou sech de Wal ophält.”
De Wal, deen den Ament an der Wismarer Bucht virun der Küst vu Mecklenburg-Vorpommern läit, huet sech den Autoritéiten no viru ronn véier Wochen an der Ostsee veriert. E Méindeg d’lescht Woch ass hie fir d’éischt virun der Küst vu Schleswig-Holstein op enger Sandbänk hänkebliwwen. Do konnt hie sech no e puer Deeg vun enger opwänneger Rettungsaktioun mat Baggere befreien, ma e Samschdeg ass hien op en neits op enger Sandbänk an der Wismarer Bucht hänkebliwwen. Antëscht gëtt säi Schicksal am ganze Land verfollegt.
Gréisser Wale sinn an der Ostsee net heemesch, well si do net déi richteg Konditiounen hunn. De vun de Medien “Timmy” gedeefte Buckelwal viru Wismar leit den Experten no ënner Hautprobleemer, well de Salz-Gehalt an der Ostsee ze niddreg ass. Ausserdeem hätt hien nach d’Iwwerreschter vun engem Netz a sengem Mond, dat bis ewell nach net ganz konnt ewechgemaach ginn.
Wéi hien an d’Ostsee koum a firwat hie bis ewell net selwer erauskoum, ass net gekläert. Zil ass et elo, de Wal zeréck duerch déi méi enk Passagen am Mier tëscht Däitschland, Dänemark a Schweden ze manövréieren. Vun do aus kéint hien an d’Nordsee an an den Atlantik schwammen.