Den Dan Lukic war viru véier Joer nach Educateur sportif. Haut ass hie frou, dass hie sech all Dag moies an owes eng Stënnchen a senger Gemeng kann nëtzlech maachen. Benevole an aus eegener Initiativ eraus geet hien trëppelen a Knascht oprafen.
Laang konnt de Familljepapp mol net virun d’Hausdier. De Long Covid koum no enger zweeter Infektioun am September 2022. Chronesch Fatigue, permanent Niwwel am Kapp, Péng an den Nerven. “Et ass, wéi wann Der een elektreschen Drot géift upaken, an dat hunn ech permanent. An dat stéiert natierlech fir d’Konzentratioun, laang schwätzen, Auto fueren.”
Den Dan Lukic kritt am Moment eng Invaliderent. Hien hofft, nees eng Kéier kënne schaffen ze goen. Och d’Sozialliewen, d’Familljeliewen ass net méi dat selwecht. “Eis ganzt Familljeliewen huet vun engem Moment op deen anere gestoppt. Dat heescht, mir konnten näischt méi zesumme maachen. Ech hunn déi ganz Aarbecht mat de Kanner iwwerholl. Et gouf kee Liewe méi an der Partnerschaft”, erkläert d’Geraldine Posing, dem Dan seng Fra.
Haut geet et schonn ee gutt Stéck besser, ma laang war den Dan hypersensibel. Besonnesch fir d’Kanner wär dat wéi eng Mauer gewiescht, déi Doheem op si gefall wier. Zwee Joer laang konnte si doheem kee Kaméidi maachen, keen Instrument spillen, net streiden.
Vun der Famill an de Frënn kruten den Dan a seng Famill vill Versteesdemech an Ënnerstëtzung. Selbstverständlech ass dat net ëmmer.
Long-Covid-Patiente géifen dacks eng gewëss Stigmatiséierung erliewen, seet de Psychotherapeut Charles Benoy. Dat léich dorunner, datt vill Leit déi Haapt-Long-Covid-Symptomer - wéi d’Fatigue - mat einfacher Middegkeet verwiesselen. Si mengen, et misst ee sech einfach e bëssen erhuelen, da géif et besser goen, erkläert de Coordinateur vum Service Long Covid an der Rehaklinik zu Ettelbréck.
Eng 1.650 Betraffener sinn zanter 2021 duerch de Long Covid Programm gaangen. 400 Patiente sinn aktuell a Betreiung. All Mount kommen eng 15 neier bäi. Si kënnen an der Rehaklinik psychologesch encadréiert ginn. Jee no Fall ass och eng Prise-en-charge am Rehazenter oder zu Munneref méiglech.
D’Gesondheetsministesch Martine Deprez schwätzt vu chronesche Patienten. “Mir hu keng Therapie, déi se heelt, mee mir hunn eng Therapie, déi begleet, déi hinnen hëlleft, den Alldag ze meeschteren. Déi hinnen hëlleft, wann deen Dag méi schwaarz ass, fir rëm op d’Been ze kommen.” D’Therapien, déi en place sinn, géife bestoe bleiwen, et géif ee keen am Ree stoe loossen, verséchert d’Ministesch.
Et géif een d’Entwécklungen am Ausland suivéieren, fir ze préiwen, wat een hei zu Lëtzebuerg iwwerhuele kéint an ob ee bei Fuerschungsprojete kéint matmaachen.
D’Rehaklinik an d’Uni Lëtzebuerg hate jo dat lescht Joer selwer ee Pilotprojet lancéiert. FastCov - een Test fir erauszefannen, ob ee Long-Covid-Patienten eng Faaschtentherapie kann zoumudden a wat sech doduerch am Mikrobiom, also am Daarm, verännert.

18 vun den 20 Test-Persounen hunn d’Faaschtentherapie ouni Komplikatiounen ofgeschloss. Bei deenen zwou anere Persounen hätt et awer warscheinlech net um Faaschte selwer geleeën, seet de Charles Benoy.
Och den Dan Lukic hat am FastCov-Pilotprojet matgemaach. Hien huet sech duerno besser gefillt. “Dat waren am Ganze 7 Deeg an do hunn ech scho gemierkt, datt ech scho méi konnt trëppelen an ech hat och schonn eng besser Konzentratioun.” Am Hierscht huet den Dan dofir souguer nach eng Kéier op eege Fauscht siwen Deeg laang gefaascht. Aus senger individueller Erfarung kann een awer keng Conclusiounen zéien.
“Mir gesinn, dass verschidde Leit sech verbesseren. Bei anere Leit gouf et keng Verbesserung. Et gëtt och Leit, deenen ass et liicht manner gutt gaange wärend der Faaschtenzäit”, erkläert de Charles Benoy. “Do musse mer lo méi an den Detail kucken an do muss een dann och eng méi grouss Studie maachen, fir ze verstoen, kéint et sinn, dass et net wierkt oder kéint et sinn, dass et sech just fir gewësse Populatioune lount.”
Den Dan Lukic ass och haut nach ëmmer am Long-Covid-Programm. Hien huet e sëllegen Therapië gemaach. Déi psychologesch Begleedung hätt him vill gehollef.
De Familljepapp huet awer och vill Therapien op eege Fauscht ausprobéiert, déi net vun der CNS iwwerholl ginn. Gutt 20.000 Euro hätt hien aus eegener Täsch bezuelt, schätzt den Dan. Akupunktur géif him e bëssen hëllefen. Dovunner ofgesinn, kann hie sech nach ëmmer net selwer kachen. E puer mol d’Woch léisst hie sech mëttes, wa seng Fra net do ass, Repas sur roues liwweren. Dat alles kascht, dofir kann een dem Dan seng Botzaktioun zu Mäerzeg mat engem Don ënnerstëtzen.
Wéi laang de Long Covid säi Liewen nach schwéier beanträchtege wäert, ass net kloer. Den Dan Lukic huet geléiert, sech net ze vill Gedanken a Stress doriwwer maachen. D’Geraldine seet, si hätt ëmmer Hoffnung. “An ech mengen, dat ass och dat, wat eis erausgerappt huet, wat mer net opginn an zesummenhalen a mer dat Positiivt gesinn.”