Déi prtugisesch Ministesch fir Ëmwelt an Energie, Maria da Graça Carvalho, huet am Kader vun der Visite vun hirem Lëtzebuerger Homologe ervirgestrach, dat wat den Energieverbrauch ubelaangt, Portugal déi éischt Méint vum Joer 83% vu sengem Elektresch aus Erneierbare produzéiere konnt. Vu Wand, Sonn, Waasser bis souguer geothermale Quellen. Domat ass den 10-Milliounen-Awunner-Staat europäesche Leader. Eng Positioun, vun där och Lëtzebuerg, indirekt profitéiere kéint.
''Op eng gewëss Aart a Weis si mir komplementar. Mir kënnen a Projete mat erneierbaren Energien investéieren an en Deel dovu ka vu Lëtzebuerg benotzt ginn. Iwwer statistesch Transferten, wéi europäesch Direktiven eis dat erlaben. Mir ginn dann op de Wee vu kombinéierten Investitiounen, wat dës Projeten ubelaangt.’' sou d’Maria da Graça Carvalho
D’Produktioun vun erneierbaren Energien, sief et Wand, Waasser oder Sonn ass a Portugal méi bëlleg wéi bei eis. Dofir ginn et déi europäesch Mechanismen, wou Lëtzebuerg och Projeten a Portugal ënnerstëtze kéint. Sou wéi dat schonn de Fall a Finnland oder an Estland ass.
Eng Reunioun, déi béid Minister aus dem Portugal a Lëtzebuerg zesumme vu Lissabon aus verfollegt hunn. En informellen europäeschen Energie-Conseil, wou et ënner anerem drëms goung, um Ament wou d’Energie-Präisser staark klammen, sech ze koordinéieren. Fir datt de Maart net ganz aus dem Rudder geréit. Och wat de Gas ubelaangt, sou de Lex Delles.
‘’Well mir wëssen, dass mer elo nach ronn 28 % Gasreserven hunn. Wa mer elo an do gëtt et europäesch Koordinatiounsplazen, wou mer soen, majo, et muss elo direkt gefëllt ginn, fir op e gewësse Seuil ze kommen. Mee wa mer dat elo maachen, da maache mer den Drock nach eng Kéier méi héich op de ganze Gasmarché. Dofir op deem Niveau eng Koordinatioun. An awer och d’Fro, wéi eng Mechanismen hu mer iwwerhaapt, fir kënne méi onofhängeg ze ginn, fir kënne méi séier erneierbar Energië kënnen ze produzéieren.’’
Do soll d’Klima-Agence an nächster Zäit hei am Land sensibiliséieren. De Minister Lex Delles werft eng Rei Froen op.
‘’Muss ech all Kéiers den Auto huelen, wann ech just 300 Meter fueren, da kann ech och zu Fouss goen? Gëllt eng Alternativ mam ëffentlechen Transport? Muss ech d Heizung bis hannenhin opdréien, wann ech net doheem sinn? Soll ech d’Luucht net ausmaachen, wann ech net am Raum sinn? Dat sinn alles kleng Gesten, déi engem am Fong net opfalen, mee wou awer jiddweree schonn eppes kann dozou bäidroen. ‘’
All dat géif dem Portmonnie guttdoen an et géif derzou bäidroen, datt mer um Ament, wou eng Liwwerung ausfale kéint, ons Reserve behalen.