Erënnerung u MassakerGedenkfeier fir véierte Joresdag vu Befreiung vu Butscha

AFP, iwwersat vun RTL
Viru véier Joer gouf d'ukrainesch Stad Butscha vun de russeschen Truppe befreit. Zwee Deeg méi spéit goufen Honnerten doudeg Ziviliste fonnt - deels mat gefesselten Hänn.
Gedenkfeier fir véierte Joresdag vu Befreiung vu Butscha

Véier Joer nom Massaker an der ukrainescher Stad Butscha gi sech en Dënschdeg fir de véierte Joresdag vun der Befreiung vu Butscha Dosenden EU-Politiker an der Ukrain erwaart. D’Spëtzepolitiker wäerte bei enger Gedenkfeier an der Stad, déi vu grujelegen Dote gezeechent ass, dobäi sinn an dono fir eng Entrevue ënner Ministeren zesummekommen. Nieft der EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas stinn och EU-Ausseministeren aus Däitschland, Polen, Italien oder Schweden op der Gäschtlëscht. Ob de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel och dobäi wäert sinn, ass net offiziell confirméiert.

D’Stad Butscha war an den éischten Deeg vum Krich am Fréijoer 2022 vu russeschen Truppe besat ginn. No hirer Befreiung duerch ukrainesch Truppe goufen an de Stroosse Honnerten doudeg Ziviliste fonnt - verschiddener mat gefesselten Hänn. D’Biller vu Butscha hu weltwäit fir Entsetze gesuergt. D’Stad gouf domat zum Symbol fir russesch Krichsverbriechen. D’Vereenten Natiounen hu méi spéit an engem Rapport den Doud vun Honnerte Ziviliste confirméiert. Russland weist de Reproche vum Krichsverbrieche bis haut zréck a schwätzt vun enger Inzenéierung.

En Dënschdeg soll deemno un déi “schrecklech Tragedie” erënnert ginn. Gläichzäiteg soll d’Treffe vun de Ministeren dofir genotzt ginn, “op en Neits Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze mobiliséieren”, wéi eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun e Méindeg erkläert huet.

Back to Top
CIM LOGO