
Wärend d’Kricher am Iran an an der Ukrain d’Aktualitéit dominéieren, ass een anere Konflikt zimmlech an de Vergiess geroden. Am Sudan kämpfen zanter dräi Joer d’Arméi an eng Rebellemiliz ëm d’Muecht an dobäi spillt sexualiséiert Gewalt eng grouss Roll. Médecins sans frontières hunn um Dënschdeg op enger Pressekonferenz op déi Thematik opmierksam gemaach.
Zanter Abrëll 2023 streiden den de facto Staatschef Abdel Fattah Burhan a säi fréiere Stellvertrieder Mohammed Hamdan Daglo ëm d’Muecht am Sudan. Méi wéi 150.000 Ziviliste hunn duerch de Krich schonn hiert Liewe verluer a 14 Millioune Mënsche sinn op der Flucht. Bei Médecins sans frontières beklot een, datt sexuell Gewalt, notamment géint Fraen a virop an der Regioun Darfur, ëmmer méi als Waff agesat géing ginn.
Tëscht Januar 2024 an November 2025 hätt ee knapps 3.400 Persounen, déi vergewaltegt goufen, behandelt, ma déi Zuel géing laang net dat ganzt Ausmooss vun der sexualiséierter Gewalt erëmspigelen. Dës wier nämlech omnipresent, wéi d’Adrêza Trajano, Responsabel fir de Programm géint sexuell Gewalt bei MSF, erkläert:
“Si hu mir gesot, et ass net sécher, mir kënne kee Waasser siche goen, mir kënnen net sécher op d’Felder goen, an ech war wärend der Recolte do, mir kënnen net an d’Stad goen, fir do eis Wueren ze verkafen. Awer mir musse goen, mir kënnen net ophalen. Si wëssen also, wa si ginn, wäerte si sexuell Gewalt erliewen, dat ass ee ganz schwéiere Choix.”
Op der Pressekonferenz hunn direkt e puer MSF-Mataarbechterinne Temoignage vu Frae gedeelt. Dacks wiere si direkt viru Familljememberen, zum Beispill den eegene Kanner oder Enkelkanner, vergewaltegt ginn. Dat engersäits fir deenen Angscht ze maachen an anerersäits fir kloer ze maachen, datt och de Kanner eppes geschitt, wann d’Frae sech wieren. Dono gefrot, wat fir Repercussiounen déi Vergewaltegungen iwwert de Krich eraus hunn, war et dës Äntwert:
“Mir schwätzen net just vun Infektiounen a verschiddene Communautéiten, mee och vun ongewollte Schwangerschaften, méigleche Komplikatioune wärend deene Schwangerschaften an enger méi héijer Stierflechkeet vun de Mammen an de Kanner. Déi ganz Gesellschaft ass dovu betraff.”
Ma een Enn vum Krich ass alles anescht wéi en vue. Ganz am Géigendeel géing dësen ëmmer méi haart gefouert ginn an et wier eng nei Dimensioun dobäi komm, esou d’Gloria Endreo, déi an Nord-Dafur am Asaz ass.
“Dee gréissten Deel vun der Gesondheetsinfrastruktur gouf zerstéiert, genee wéi dee gréissten Deel vun der kritescher Infrastruktur. Accès zu Waasser gëtt et quasi net méi. Elektrizitéit, Zougang zu Iessen, all dat existéiert haut op deene meeschte Plazen an Darfur net méi. Mir schwätze vun Dronenattacken, déi mëttlerweil quasi all Dag virkommen. An dat net nëmmen op militäresch Ziler, mee op Schoulen, Gesondheetsinfrastrukturen a Mäert. All Dag stierwen Zivilisten duerch Dronenattacken.”
D’Vereenten Natioune wieren zwar am Sudan present, mä net sou wéi dat sollt sinn. Am Moment misst een dowéinst vun engem komplette Versoe vun der UNO schwätzen.
Am Sudan liewen eng 50 Millioune Mënschen a mat enger Fläch vun 1,8 Millioune Quadratkilometer ass d’Land dat drëttgréissten um afrikanesche Kontinent.