
Da kënnt nämlech déi véiert Season vu "Casa de Papel" eraus. Domat net genuch: De Spriecher vun der Produktiounsfirma "Vancouver Media" huet dem spuenesche Magazin "Formula TV" géigeniwwer an engem Interview matgedeelt, dass 2 weider Staffele confirméiert goufen. D'Dréiaarbechte fir déi 5. sollen deemno am Januar ufänken an am September nächst Joer ausgestraalt ginn. Déi 6. Season ass fir Mäerz 2021 geplangt.