Am Alter vu 85 JoerMoler a Galerist Fred Becker ass gestuerwen

David Winter
De Kënschtler war virun allem vir seng Landschaften a spéider seng abstrakt Kreatioune bekannt.
© RTL

De Lëtzebuerger Moler a Galerist Fred Becker ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Zënter 1960 war hien als Moler zu Lëtzebuerg aktiv. Ugefaange mat Landschaftsmolerei, ass hie spéider virun allem fir seng abstrakt Wierker bekannt gewiescht.

Niewent der Molerei, war de Fred Becker awer och Galerist an hat vun 1981 bis 2010 séi bekannt Galerie Becker an der Stad.

D'Bäisetzung vum Kënschtler gouf am klenge familiäre Krees ofgehalen.

Am Joer 2010 war de Fred Becker Freides-Invité op der RTL-Antenn beim Christiane Kremer.

Radio - Freides-Invité: Fred Becker beim Christiane Kremer
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.

Back to Top
CIM LOGO