HollywoodZuel vu weiblechen Haaptrollen an de leschte Joren däitlech geklommen
D’Zuel vun Hollywood-Filmer, déi eng weiblech Haaptroll hunn, ass am leschte Joer däitlech an d’Luucht gaangen.
Verëffentlecht: 09.01.20 06:48, Update: 09.01.20 12:26
Dat geet aus enger Etüd vun der Uni vu San Diego ervir, déi all Joer déi 100 erfollegräichste Filmer analyséiert. A 40% vun de Kinohits huet deemno eng Fra d’Haaptroll gespillt. Dat ass den héchste Stand an de leschten 19 Joer.