Net méi wéi 100 Leit, Maskeflicht, 2 Meter Distanz an natierlech mat Zäit fäerdeg, datt och d’Spectateure virun 23h kënnen doheem sinn. Dat mécht et net einfach an dach gëtt probéiert, mat der Situatioun an dem Thema ëmzegoen an dat esouguer ganz kreativ. Den TNL huet dofir extra e Klassiker adaptéiert, dem Thomas Mann säin „Zauberberg“.
Eigentlech wollt den Direkter a Regisseur Frank Hoffmann e Shakespeare-Klassiker fir d’Rentrée plangen, de Confinement huet dunn awer déi ganz Trupp inspiréiert op e Wierk vum däitschen Auteur Thomas Mann ëmzeswitchen.
A senger Erzielung „Zauberberg“ geet et ëm e Besuch an engem Schwäizer Sanatorium, wou Longekranker behandelt ginn.
De Publikum soll awer net vum Thema Krankheet erschréckt ginn. Am Géigendeel, sou de Frank Hoffmann.
Gespillt gëtt nach vum 13. bis den 22. November an den 30. an 31. Januar 2021.
Mat: Marc Baum, Ulrich Gebauer, Wolfram Koch, Marco Lorenzini, Jacqueline Macaulay, Maik SolbachBühne: Christoph Rasche
Kostümer: Jasna Bosnjak
Musek: René Nuss
Luucht: Daniel und Zeljko Sestak
Dramaturgie: Florian Hirsch
Maske: Jasmin Schmit
Regieassistenz: Mahlia Theismann
