
Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?
D’Zombie Apokalypse ass zanter dräi Joer am Gaangen. De gréissten Deel vun der Mënschheet ass dout, an déi puer Iwwerliewend probéieren esou gutt et geet, d’Zivilisatioun um goen ze halen. Kee Vaccin a kee Medikament ass bis elo fonnt ginn, wéi ee Mann, de Murphy, en egoisteschen a feige Prisonéier, entdeckt gëtt, deen allem Uschäin no immun ass.
E kléngt d’Team soll de Murphy vu New York bis a Kalifornien bréngen, wou se an deem leschten nach existente Labo kéinten en Heelmëttel entwéckelen.
“Z Nation” ass eng kanadesch Serie, wat heescht, dat se vill méi e klenge Budget huet, wéi änlech amerikanesch Produktiounen. Mä trotzdeem, datt se méi bëlleg ass, an och esou ausgesäit, bréngt d’Serie et awer fäerdeg, interessant ze sinn, an dat, well d’Zombien anescht sinn, wéi gewinnt. Si lafen a beweege sech immens séier a hunn eng gewëssen Intelligenz, wat méi Action a Spannung matsechbréngt.
Ausserdeem hëlt d’Serie sech net all ze Eescht, well am Plaz vun Helden, déi trotz den Ëmstänn onbedéngt wëllen un hirer “Mënschlechkeet” festhalen, geet et hei ëm normal Leit, déi iwwerliewen, net wëll se “gutt” sinn an et verdéngt hunn, mä well se alles maachen, egal wéi schlëmm, fir z’iwwerliewen.
Z Nation ass disponibel op Netflix.
Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op Netflix
Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon
Deel 5: Altered Carbon op Netflix
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix