
Kunst im Tunnel, oder och KIT genannt, ass en Ausstellungsraum fir zäitgenëssesch Konscht zu Düsseldorf. Hei handelt et sech ëm en Deel vun engem Tunnel, deen 2 Meter ënnert der Rheinuferpromenade läit.
Di däitsch Stad um Rhäin ass bekannt als eng wichteg Konschtstad. D´Kunstakademie Düsseldorf war schonn am 19. Joerhonnert eng wichteg Ausbildungsplaz. Dee Stellewäert ass nach méi grouss ginn, wéi 1961 de bekannte Kënschtler Joseph Beuys ugefaangen huet Coursen op der Konschtakademie ze ginn. Bis haut ass et deemno keng onwichteg Referenz.
Et ass dem Lëtzebuerger Yann Annicchiarico seng éischt grouss Eenzelausstellung zu Düsseldorf. D´Expo weist eng grouss Installatioun, déi mat der spezieller Architektur vum ënnerierdesche Raum spillt. D´Wierker beweegen sech tëschent Skulptur, Film a Performance. Et ass wéi eng Aart Labyrinth, wou de Visiteur ëmmer erëm an nei Iddien andauche kann. De Yann Annicchiarico thematiséiert gären d´Iddi vun der Perceptioun, an dat op vill verschidden Niveauen. Am Tunnel ass et en Zesummespill tëschent senger Interventioun am Raum an dem Betruechter senger Experienz domadder. Den Ausgangspunkt vu sengem Konzept ass d´Bünestéck „Il servitore di due padroni“ (Der Diener zweier Herren) vum Carlo Goldoni. Dohier och den Titel vun der Expo.
“Der Diener zweier Herren” ass dat bekanntste Stéck vum italieneschen Dramatiker an ass 1746 fir di éischte Kéier opgefouert ginn.
Et geet ëm Libesgeschichten, geschäftlech Interessen an déi mënschlech Stäerkten a Schwächten. De Yann Annicchiarico huet sech um Personnage Harlekin orientéiert. E Personnage ,deen stellvertriedend fir eis Gesellschaft steet. Taktik, Iwwerliewensdauer, Hoffnung an Humor, fir nëmmen e puer Charakteristiken ze nennen. Mat de Kontraster vum Liewen spillt de Kënschtler och an der Ausstellung a bezitt de Raum an d´Architektur a säi Wierk mat an.

Den Ausstellungsraum KIT soll als Ergänzung zu den anere groussen Ausstellungen zu Düsseldorf funktionéieren. Hei ginn virun allem jonk Kënschtler an Absolventen vun der Kunstakademie Düsseldorf gewisen. Den Ament kann sech also de Lëtzebuerger iwwert déi Plaz freeën an huet eng weider wichteg Referenz a sengem CV stoen.

Bis den 8. November ass “Der Diener zweier Herren” vum Yann Annicchiarico am KIT ze gesinn. D´Curatrice vun der Ausstellung ass d´Céline Offermans.