Fir dëst laang erwaarten Evenement z’ënnerstëtzen, huet sech d’Stad Arel eppes ganz Besonnesches afale gelooss...
12,5 Meter laang, 11 Meter breet, 3 Meter héich a ganzer 3,5 Tonne schwéier ass den X-Wing, deen den Ament op der Place de l’Espace Didier ze gesinn ass. Ronn 3.500 Stonne gouf un dëser Maschinn gebaut; eng Aarbecht, déi sech iwwert en Zäitraum vun 11 Méint gezunn huet.
Och an Amerika kënnen d’Fans vu Star Wars “The Rise of Skywalker” kaum erwaarden. Eng Woch virum Filmstart hu ronn 20 Persoune virun US-Kinoe campéiert, fir sech gutt Sëtzplazen am Sall ze sécheren. Organisateure ginn dovun aus, dass bannent den nächsten Deeg d’Zuel op 150 Leit klamme wäert.
