Kultur trotz CoronaWindow Loving: Konscht virun Alters- a Fleegeheemer

RTL Lëtzebuerg
Kënschtler aus deene verschiddensten Disziplinnen doe sech zesummen, fir vulnerabele Leit eng besonnesch Freed ze maachen.
Window Loving
De Jean Bermes

Virun allem déi eeler Leit an Alters- a Fleegeheemer treffen déi streng Corona-Mesurë besonnesch haart. Fir d’Ausbreedung vum Corona-Virus sou gutt wéi méiglech anzeschränken, herrscht e strikte Besuchsverbuet. Ausser dem Personal a Benevollen dierf kee raus oder ran. Fir vill vun de Bewunner ass d’Elengsinn bal méi schlëmm wéi de Virus selwer. Ëmsou méi wichteg ass et, dass een de Bewunner an dësen Zäiten eng Oflenkung vun der Isolatioun an domat ee klenge Liichtbléck bitt.

D’Associatioun Grand H mécht dat a Form vun artistesche Performancen.

Fir d’Bewunner vun der Hollerecher Senioreresidenz „Belle Vallée“, huet d’Frédérique Buck mat hirem Team a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère kuerzerhand de Projet „Window Loving“ an d’Liewe geruff.

Dee besteet aus 10 Interventioune vu Kënschtler aus deene verschiddensten Disziplinnen.

Zweemol d’Woch, bis den 20. Mee, performt en anere Kënschtler oder Kënschtlerduo dobaussen, um Trottoir virum Gebai, wärend d’Bewunner vun der oppener Fënster aus, also mat sécherem Ofstand an ouni Ustiechungsgefor, nokucken a genéisse kënnen. Sou gëtt garantéiert, dass d’Consignen all agehale ginn.

© MATIC ZORMAN

Folgend Kënschtler hunn dësen Defi mat Freed ugeholl:

Jean Bermes (traditionell Lëtzebuerger Lidder), Milla Trausch (Schauspill a Querflütt) am Duo mam Jean Bermes (Piano), André Mergenthaler (Cello), Nataša Grujović (Akkordeon) & Charles Vincent (visuell Performance), Betsy Dentzer (Erzielungen), Véronique Kinnen (Lidder vum Édith Piaf), den Duo Emanuela Iacopini & Rajivan Ayyappan (Performance a Gesang), Gintare Parulyte (erzieleresch Performance), Sophie Langevin (Gedichter) an Ayo Ade (Gesang).

De Jean Bermes hat de 17. Abrëll den Ufank gemaach.
De Jean Bermes hat de 17. Abrëll den Ufank gemaach.
© MATIC ZORMAN

D’Iddi, déi hannert dësem Projet stécht, ass et fir deenen eelere Leit den Alldag an der Isolatioun ze erliichteren an hinne Freed a Léift ze schenken.

Back to Top
CIM LOGO