Filmwelt 2019Wéi eng Filmer goufe bis elo am meeschte gekuckt?

RTL Lëtzebuerg
Jiddweree vun eis wäert wuel dëst Joer e Liblingsfilm hunn, majo wéi eng Filmer hunn dann 2019 bis elo am meeschten agespillt?
© Youtube

Top 10 Filmer an den USA

Op der Nummer 10 kënnt dann dach zimmlech iwwerraschend en Horrorfilm, nämlech den 2. Deel vum Steven King sengem Klassiker IT, also “IT:Chapter Two”.

Op der Nummer 9 kënnt da schonn de neie Star Wars: Rise of the Skywalker, dee jo eréischt den 20. Dezember 2019 erauskomm ass. Disney huet hei no 7 Deeg scho bal 260 Milliounen Euro agespillt.

Dono kënnt da fir sou muncher een de Favorit fir d’Oscaren 2019, nämlech den Joker, deen de 4. Oktober erauskomm ass an ënnert anerem de Rekord gebrach huet fir de meeschtgekuckte “Rated R-Film” vun allen Zäiten.

Superheldefilmer lafen nach ëmmer gutt, och wann se deem eng oder aneren sou lues dierften aus dem Hals eraushänken. Majo dës sinn awer niewent Kannerfilmer am dackste bei den Top 10 representéiert.

Op der 7 hu mer d’Neiverfilmung vun Aladdin, op der 6. kënnt de neie Spider-Man: Far from Home.

Dono kënnt Frozen II, dee jo net nëmme Kanner begeeschtert. Op der 4 hu mer Captain Marvel an op der 3 kënnt den elo scho 4. Deel vun der computeraniméierter Aventure “Toy Story”.

Op der Plaz 2 kënnt dann d’Neiverfilmung vu Lion King an dëst Joer ongeschloen op der 1 kënnt “Avengers: Endgame” mat eleng an den USA bal 860 Milliounen Dollar Ëmsaz, also bal 100 Millioune verkaaften Ticketen.

Back to Top
CIM LOGO