Emmy-Gewënner"Watchmen" gouf direkt 11 mol ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
Och d'Emmys waren dëst Joer wéinst der Pandemie virtuell. Et ass de wichtegsten amerikaneschen Televisiounspräis.

Grouss Gewënner waren d’Serie “Successioun”, iwwert déi futtis Famill vun engem Mediemogul (7 Präisser), d’Toleranz-Comedy “Schitt’s Creek” (9 Präisser) an d’Comic-Verfimung “Watchmen” mat 11 Präisser. Ënnert anerem gouf d’Schauspillerin Regina King fir hir Roll an der Miniserie “Watchmen” ausgezeechent, an där Theme wéi Rassismus, Policegewalt a Masken am Mëttelpunkt stinn.

© American Broadcasting Companies, Inc. / ABC/AFP/-

Eng gutt Nouvelle gouf et och fir den Eddie Murphy. Virun 21 Joer gouf hien eng éischte Kéier nominéiert, e Sonndeg huet hie säin éischten Emmy konnte mat Heem huelen. Duerchgesat huet hie sech an der Kategorie “beschte Gaaschtoptrëtt an enger Komedie-Serie” géint d’Schauspiller Adam Driver (“Saturday Night Live”), Dev Patel (“Modern Love”), Brad Pitt (“Saturday Night Live”), Luke Kirby (“The Marvelous Mrs. Maisel”) a Fred Willard (1933-2020, “Modern Family”).

D’Emmye goufen dëst Joer staark vun der Corona-Pandemie gepräägt. Am Sall zu Los Angeles souze keng Gäscht, d’Gewënner an déi Nominéiert goufe per Live-Iwwerdroung zougeschalt. Verschiddene Staren haten e schicke Rack oder Kostüm un, anerer lässeg Fräizäitkleedung. Ma och den US-President Donald Trump stoung am Fokus vun der Editioun 2020 a gouf vill kritiséiert.

© AFP/Gal ROMA

Back to Top
CIM LOGO