Theateren am ConfinementWat ass eng Bün ouni Kënschtler?

RTL Lëtzebuerg
Et sinn Defien, wéi se bis elo d’Kulturwelt nach net begéint huet...
Theateren am Confinement
Et sinn Defien, wéi se bis elo d’Kulturwelt nach net begéint huet...

Bis viraussiichtlech den 31. Juli dierfe keng kulturell Manifestatiounen a Rassemblementer stattfannen. Domat ass d’Theatersaison eriwwer. An awer muss et weidergoen – et gëtt versicht, eng Strategie z’entwéckelen, fir mat der Kris ëmzegoen.

Wat ass eng Bün ouni Kënschtler? De Secteur vum Spektakel brauch dat onmëttelbaart Erliefnis an den direkte Kontakt mam Public. Hannert de Kulisse gëtt och elo konkret um neie Programm fir déi nächst Saison geschafft. Well dee scho virum Confinement stoung, ass d’Ëmplange momentan déi grouss Aufgab.

Tom Leick, Direkter vun de Stater Theateren: Wichteg ass, datt de Secteur zesummeschafft an dat garantéiert zu engem groussen Deel d’Theaterfederatioun. Si vertrëtt d’Interesse vun Theater- a Kulturhaiser, Compagnien a fräischaffende Kënschtler vis-à-vis vum Ministère oder de Gemengen.

Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun: Déi grouss Fro awer bleift: Wat geschitt am Hierscht? Fir do eng Strategie ze fannen, muss un d’Haus, de Kënschtler, an de Public geduecht ginn.

Eng gemeinsam Hoffnung gëtt et jiddefalls: sou séier a sécher wéi méiglech Kënschtler a Spectateur erëmgesinn.

Back to Top
CIM LOGO