Portrait Bruno OliveiraWat ass aus dem Gewënner vun der leschter Staffel Generation Art ginn?

RTL Lëtzebuerg
Op den Dag genau sinn et genee 3 Joer hier, datt de Bruno Oliveira d'Emissioun "Generation Art" gewonnen huet.
Generation Art: Bruno Oliveira
Wat ass aus dem Gewënner vun der leschter Staffel ginn?

Déi 3. Editioun stoung ganz am Zeeche vun der Fotografie an 12 Kandidaten hu sech an 8 Challengë misse beweisen. Mir hunn emol gekuckt, wat aus dem Gewënner vun deemools, dem Bruno Oliviera, ginn ass. Hien hat direkt bei 2 Editioune matgemaach a konnt sech den Dram vun enger Ausbildung zum professionelle Fotograf erméiglechen.

De Bruno Oliveira lieft fir d’Fotografie. Dat war allerdéngs net ëmmer esou. 2014, wou hie sech bei der 2. Editioun vun Generation Art ugemellt hat, war hien Educateur an Hobby-Fotograf. Deemools hat hien et ëmmerhin ënnert déi 5 leschte Kandidate gepackt, fir dann 2017 bei der Foto-Editioun erëm mat dobäi ze sinn. Dat mat engem Zil, wat de Bruno och gepackt huet. Esouguer bis an d’Finall a gouf de grousse Gewënner vun der leschte Staffel Generation Art 2017.

Zënterhier ass de Bruno Student op der bekannter Konschtschoul La Cambre zu Bréissel. Hei ass hien am leschte Joer vun sengem Fotografie-Studium. D’Sendung Genertaion Art huet him hei am Land vill Dieren opgemaach. Mat sengem Präisgeld bei der Finall vun Generation Art an Héicht vu 5.000 Euro ass de Bruno deemools op d’Rees gaangen, eng Zéit, déi seng Konscht verännert huet.

Dëst Joer gouf de Fotograf och erausgesicht, fir bei der Triennale jeune creation an de Rotondes matzemaachen. E Concours, deen all 3 Joer fir jonk Kënschtler hei am Land organiséiert gëtt. Säin Thema si Millenials.

Am Fleegeheem op der Rumm huet de Bruno säin aktuellste Projet realiséiert. Hei huet hien an Zesummenaarbecht mam Groupe Servior a 14 verschidden Heemer Fotoen gemaach an eng Ausstellung op d’Bee gesat, bei där et ëm Awunner, ma och ëm d’Mataarbechter vun dësen Heemer geet. De Bruno huet selwer laang als Educateur geschafft. Dëse Projet läit him deemno ëm sou méi um Häerz.

D’Ausstellung ass nach bis vum Enn vum Joer, natierlech ginn och hei eréischt no der Covid-19-Kris d’Diere fir de Publikum ërem op. Bis dohin ass de Bruno mat sengem Studium fäerdeg. Hie wënscht sech als Konschtfotograf kënne Fouss ze faassen.

Vun e Meindeg, dem 13. Mäerz u kann een nach emol déi ganz 3. Staffel vun Genertaion Art vu 17.30 Auer un um RTL Zwee gesinn.

Back to Top
CIM LOGO