Muséeë feiere ComebackWat ännert sech fir d'Visiteure vun enger Ausstellung?

Patricia Baum
Bal zwee Méint hunn d'Muséeën an aner Kulturinstitutiounen zu Lëtzebuerg hir Diere missen zouloossen.
Muséeë feiere Comeback
Bal zwee Méint hunn d’Muséeën an aner Kulturinstitutiounen zu Lëtzebuerg hir Diere missen zouloossen.

Mam Deconfinement sinn d’Muséeën déi éischt kulturell Institutiounen, déi hir Dieren erëm dierfe fir de Public opmaachen. E Méindeg si schonn éii eng oder aner Muséeën opgaangen an en Dënschdeg war et dann och um MNHA, dem Nationalmusée um Fëschmaart.

Et ass wuel net déi romanteschst Manéier, de Musée erëm opzemaachen, well och hei gëllen déi nämmlecht Mesurë wéi iwwerall. Ofstand halen, Hänn desinfizéieren a Mask undoen. Am Allgemengen ass et awer méi einfach, de Flux vun de Leit an engem Musée ze kontrolléieren. Ma net all Ausstellung wäert awer fir de Public accessibel sinn.

E Circuit ass am ganze Musée gekennzeechent ginn, fir datt een engem konkreten Tour nogoen soll a sech esou d’Weeër net kräizen. Visitten als Grupp an Ateliere wäerten awer an der éischter Phas net méiglech sinn.

Déi wichtegst Reegel an engem Musée gëllt nach ëmmer: näischt upaken. Ma eng Expo am Nationalmusée ass awer esou opgebaut, datt se grad eng Interaktioun mam Visiteur fuerdert. Och hei gëtt fläisseg un Alternative geschafft, fir datt een an Zukunft keng Objete méi muss upaken, fir d’Ausstellung ze verstoen. Am Allgemengen ass een awer frou, datt d’Konscht elo och erëm am Alldag eng physesch Presenz kritt.

Back to Top
CIM LOGO