Neie Feature am LODVun #djëft bis #ojo - Nei Lëscht regruppéiert Interjektiounen

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Sprooch ass lieweg. Dofir update den ZLS, Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, den LOD, Lëtzebuerger Online Dictionnaire, reegelméisseg.

Déi Kéier huet sech d’Ekipp mat de Lëtzebuerger Interjektioune beschäftegt a fir si eng kleng Lëscht op der Internetsäit vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire - LOD.lu - ageriicht.

Fir weider iwwer d’Aarbecht ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch um Lafenden ze bleiwen, proposéiert den ZLS vum 11. August un eng Newsletter. Iwwerdeems gëtt et de ganze Vakanzemount August iwwer de #schreiftipp vum LOD op Twitter.

Hei déi ganz Lëscht vum Site LOD.lu

Back to Top
CIM LOGO