Haart Thema opschaffenTheaterstéck "Rabbit Hole" am Théâtre Ouvert Luxembourg

RTL Lëtzebuerg
Den Doud vum eegene Kand ass wuel dat schlëmmst, wat ee sech virstelle kann.
Theaterstéck "Rabbit Hole" am Théâtre Ouvert Luxembourg
Den Doud vum eegene Kand ass wuel dat schlëmmst, wat ee sech virstelle kann.

D’Theaterstéck Rabbit Hole vum amerikaneschen Auteur David Lindsay-Abaire, dat den Ament am TOL ze gesinn ass, probéiert dëst emotional haart Thema ouni Pathos opzeschaffen.

Rabbit Hole, also d'Hiel vun der Kanéngchen, bezeechent am engleschen eng bizar Situatioun oder eng Parallelwelt, aus där een net méi erauskënnt. Nom Doud vun hirem 4 Joer ale Bouf ass d’Liewe fir d’Becky an den Howard zu sou enger Sakgaass ginn. Zemools d'Becky riskéiert, an der Trauer ënnerzegoen. Fir d'Actrice Colette Kieffer deemno en Defis, fir sech net an der staarker Emotioun ze verléieren.

Duerch d'Situatiounen, déi seng egozentresch Mamm a seng liewensfrou Schwëster bewosst an onbewosst provozéieren, gëtt d'Becky ëmmer nees an d'Realitéit zeréckgeholl.

Béid Personnagë suerge fir raffinéiert humoristesch Pointen am Stéck a maachen esou verschidde Piste fir d'Trauerbewältegung op.

D'Stéck Rabbit Hole vum David Lindsay-Abaire, dat 2007 mam Pulitzer Präis ausgezeechent gouf, ass nach bis den 23. November am Théâtre Ouvert Luxembourg ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO