
Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.
D’Midge Maisel ass eng jonk Hausfra aus der New New-Yorker jiddescher Upperclass, déi 1958 mat hirem Mann an hiren zwee Kanner zu Manhattan wunnt. Si ënnerstëtzt hire Mann, den Joel, deen daagsiwwer als Manager an enger Plastik Firma schafft, mä dovun dreemt, Stand-Up-Comedy ze maachen, andeems se him Witzer schreift.
Wéi säin éischten Optrëtt en totale flopp ass, decidéiert den Joel, dat seng Famill hie vu sengem Gléck ofhält a verléisst d’Midge fir seng Sekretärin. Rosen an alkoholiséiert, geet d’Midge zréck an de Club, an deem hien opgetrueden ass, a klëmmt op d’Bün, fir hirer Roserei Loft ze maachen. Domat huet si zwar immense Succès beim Public, mä gëtt festgeholl wéinst hirem “deplacéierten” Optrieden.
Nodeems hir Elteren se an de Prisong siche komm sinn, geet d’Midge erëm bei si heem wunnen, mat de Kanner, a fënnt eng Aarbecht als Vendeuse an engem grousse Geschäft. Mä Owes geet se weider an de Club, fir hir Witzer ze erzielen a virun engem ëmmer gréissere Publikum de Geck ze maachen iwwert hiert Liewen.
“The Marvelous Mrs Maisel” huet eng ganz Rei Präisser kritt, als Komedie, déi eriwwerkënnt wéi e Musical. D‘Dialoge ginn an engem spezielle Rhythmus geschwat, d’Kostümer an d’mise en scène si voller Faarwen an d’Themen, déi ugeschwat ginn, si modern ouni ze polemiséieren. Mä trotz där märchenhafter Aart a Weis gëtt et net onbedéngt en Happy End.
“The Marvelous Mrs Maisel” huet dräi Staffelen, déi op Amazon disponibel sinn.
Deel 1: Sex Education op NetflixDeel 2: Fleaback op Amazon
Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op NetflixDeel 4: Z-Nation op NetflixDeel 5: Santa Clarita Diet op Netflix
Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon
Deel 5: Altered Carbon op Netflix
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix