
D’Stéck vum gebiertegen US-Amerikaner Julien Green, deen a Frankräich gelieft huet a Member vun der Académie Française war, spillt kuerz virum Ausbroch vum amerikanesche Biergerkrich, bei deem sech Südstaaten an Nordstaate bekricht hunn an och d’Thema Ofschafung vun der Sklaverei eng bedeitend Roll gespillt huet.
Op der Bün begéint ee vrun allem jonk Mënschen, déi an hire Gefillswelten hin- an hiergerappt sinn a mat der Sich no der eegener Identitéit, Schold a Sexualitéit deels iwwerfuerdert sinn. E Stéck, dat awer och haut nach seng Aktualitéit huet.
D’Stéck ass iwwregens bei senger Creatioun 1953 zu Lëtzebuerg an an aneren europäesche Länner verbuede gewiescht, aus Angscht et géif géint d’moralesch Wäerter vun deemools verstoussen.
Den Thierry Mousset huet fir seng éischt grouss Inszenéierung zu Lëtzebuerg éischtklasseg Schauspiller besat: nieft Luc Schiltz, Catherine Janke an Denis Jousselin, si gläich véier däitsch Theateracteuren am Groussen Theater ze gesinn, déi een och deelweis vun der Tele kennt: Andreas Lust, Meike Droste, Cornelius Schwalm an Anna Grisebach.
Gespillt gëtt nach den 24. a 25. Januar 2020 am Studio vum Groussen Theater
No Lëtzebuerg geet d’Produktioun op Tournee an Däitschland: Mainz, Saarbrécken, Berlin.