
D’Lëtzebuerger Bünekënschtler spille bei sech a sende live bei Iech an d’Stuff.
De Schauspiller Steve Karier huet e Mëttwoch den Owend aus dem Buch “Die Erzählungen” vum Franz Kafka virgelies. Et si kuerz an éischter méi onbekannten Texter, déi hie virdroen huet. Ma déi kafkaesk Stëmmung ass awer garantéiert. Fir de Steve Karier ass dëst och eng ganz aussergewéinlech Situatioun, als Schauspiller ass hie gewinnt eng Ekipp ronderëm sech ze hunn, déi hie guidéiert. Hei ass hien op sech gestallt, eleng aus der Stuff.
De Schauspiller lieft jo och vun der physescher Präsenz vum Publikum a spiert d’Energie vun de Leit am Sall. Hei war dat eng ganz aner Situatioun.
Den Ament ass d’Kultur physesch verschwonnen, also net méi erreechbar, mä laut dem Steve Karier ass et elo un den Artisten, kreativ ze bleiwen an de physeschen Optrëtt Presenz duerch e virtuellen ze ersetzen an esou de Leit awer e kulturellen Accès ze garantéieren.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.