
An dëse schwéieren Zäite sëtze mir doheem, wéi vill anerer vun Iech och, a kënne weder Theater prouwen nach spillen. Vu datt mer awer an deenen 12 Joer vun eiser Existenz eng Rei vun eisen 21 Produktiounen op Video enregistréiert hunn, hu mer d’Méiglechkeet, iech d’Zäit ze verkierzen an Iech gutt laachen ze dinn.
Als éischt proposéiere mer Iech eis alleréischt Produktioun aus dem Joer 2007, «Zwee Häerzer fir en Taxi», dat mer 10 Mol virun ausverkaaftem Haus gespillt hunn. Dës Opnam ass aus dem Kapuzinertheater. Wann Dir op dëse Link www.dentheater.lu klickt, da kommt Dir ob eis Homepage a kënnt dann do dëse Video op Youtube starten.
Deen ass ab haut fir eng Woch laang online, an duerno weise mir Iech dann eisen zweete Video «Eng droleg Koppel». Gäre kënnt Dir Iech och eis Homepage méi genee ukucken an esou den «DenTheater.lu» besser kenneléieren.
Merci villmools fir Ären Interessi a vill Freed beim kucken.