
Vun e Samschdeg u ginn all Weekend 2 Produktiounen online op hirer Facebook- a Websäit gewisen, déi ee wärend engem Zäitraum vu 7 Deeg streame kann.
Samschdeg, de 4. Abrëll um 20 Auer: Le jeu de l’amour et du hasard (FR)
Ënnert dësem Link fannt Dir d’Opféierung vun “Le jeu de l’amour et du hasard”"Le jeu de l’amour et du hasard” ass e Klassiker vum Marivaux
Sous l’œil omniscient de la figure paternelle, quatre jeunes gens vont être présentés et rapprochés les uns des autres. Ils ont 20 ans, l’âge des paradoxes, des incertitudes et des choix. Encore attachés aux pères, ils veulent plus que tout se défaire de leur éducation et rêvent d’émancipation. Ils s’initient au sens de la vie, aux questions amoureuses, aux engagements futurs qu’ils devront prendre, conformes à leurs statuts sociaux, leurs rangs et leurs familles. En pleine construction de leur identité, ils vont devoir lutter contre leurs pulsions, leurs tentations, leurs désirs.
Mam Eugénie Anselin, Stéphane Daublain, Jean-Marie Frin, Brice Montagne, Sophie Mousel, Pierre Ostoya Magnin
Mise en scène: Laurent Delvert
Sonndeg, de 5. Abrëll um 17 Auer: Rumpelstilzchen (LU)
Ënnert dësem Link fannt Dir d’Opféierung vun “Rumpelstilzchen”“Rumpelstilzchen” Adaptatioun vum Ian de Toffoli nom Mäerche vun de Bridder Grimm
De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Sënn datt, anescht wéi bei de grousse Geschichten, d’Figuren zwar eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ wéineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d’Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, déi iwwernatierlech Hëllef, déi als Échange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.
Wann een d’Relatioun tëscht der Mëllerduechter an dëser iwwernatierlecher Kreatur néi erzielt, weiderspënnt, weiderdenkt, da stéisst een trotzdeem, automatesch, ëmmer erëm, op déi ural Kämpf, tëscht ënnerem Stolz an dem Wonsch no Gebuergenheet, tëscht der Zivilisatioun hirem dënne Mask an de verwëlderte Kräften déi eis dreiwen, oder tëscht – wa mer am technesche Language vun haut bleiwen – Créanciers an Débiteurs.
Mam (ë.a.) Pierre Bodry, Gilles Cruchten, Larisa Faber, Fabio Godinho, Elisabet Johannesdottir, Marco Lorenzini, Pitt Simon, Raoul Schlechter, Brigitte Urhausen
Regie Myriam Muller
