Et ginn am Moment vill Initiativen, fir mat Musek gutt Laun ze verbreeden. Och d’Proffe vum Stater Conservatoire wollten hiren Deel dozou bäidroen a goungen an der Woch virun Ouschteren op eng kleng Tournée duerch véier verschidden Alters- a Fleegeheemer. Mir ware bei engem Mini-Concert op der Rhum dobäi, wou en Trio aus Klarinett, Akkordeon a Kontrabass e kuerze Programm vun 10 Minutten op verschiddene Plazen zum Beschte ginn huet. “Et ass fir eis ganz ongewinnt. Am Fräien, ouni virdru richteg ze prouwen, mä et ass eng immens flott Erfarung”, resuméiert d’Klarinettistin Simone Weber dës musikalesch Aventure.
Och wann d’Alters- a Fleegeheemer wärend der Kris kee Besuch vu baussen empfänke kënnen, waren d’Proffe vum Stater Conservatoire méi wéi wëllkomm. Am Krisemodus sinn nämlech quasi all gemeinsam Aktivitéiten an den Heemer ofgesot, d’Bewunner mussen op Ofstand goen an esouguer d’Iesse gëtt eenzel an de Kummeren zerwéiert. Grad ronderëm d’Feierdeeg kéint dës Situatioun verschidde Leit op d’Moral drécken an do koum déi musikalesch Ofwiesslung grad richteg. Net nëmmen de Bewunner hunn dës Mini-Concerte gefall, och d’Museksproffe koumen op de Goût an iwwerleeë schonn, wéi si och an Zukunft hir Musek aus dem Conservatoire bei d’Leit brénge kënnen. Well eigentlech brauch ee jo keng Pandemie, fir anere Leit mat senger Konscht eng Freed ze maachen.
