Well d’Fête de la Musique dëst Joer iwwerall am Land huet mussen ofgesot ginn, ass op Initiativ vun der asbl “Fête de la musique”, dem Kulturministère an der SACEM decidéiert ginn eng “Journée de la musique” den 21. Juni mat alle Radioen aus dem Land z’organiséieren.
RTL huet op all senge Medien Lëtzebuerger Museker an de Mëttelpunkt gestallt.
D’Spezial-Emissioun No Art on Air gouf am Gudde Wëllen opgeholl mat den Invitéen John Rech a Marc Scheer a mat Live-Acts op der Bün vun: De Claus, Bartleby Delicate, Francis of Delirium, Sven Sauber, Nicool an Them Lights.