Nach méi Plaz, nach méi Konscht, nach méi Leit.
De leschte Weekend war schonn déi 5. Editioun vun der Artweek. No Art war derbäi an huet den Organisateur Alex Reding begéint an e Gespréich gefouert mam Kënschtler Tom Flick an dem Galerist Gérard Valerius.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.