
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
Theater- oder Danzopféierungen online kucken, dat war bis elo net esou einfach. Entweder sinn d’Säiten net sécher, d’Qualitéit ass net gutt oder et gesäit ee just kuerz Ausschnëtter. Déi nei Streaming-Säit „Spectyou“ wëll Theater an Danz awer elo bei d’Leit heembréngen.

D’Säit, déi vun enger Schwäizer Start-up Firma gegrënnt gouf, soll och déi däitschsproocheg Theaterlandschaft besser vernetzen an als Tool fir wëssenschaftlech Zwecker genotzt ginn. Eigentlech sollt d’Säit eréischt vill méi spéit online goen, ma wéinst der momentaner Situatioun ass se awer de 19. Mäerz schonn an d’Beta-Phas gaangen. Momentan kann een sech all Theaterstéck a soss Performancen a voller Längt, fir näischt ukucken, ma fir dass d’Säit esou onofhängeg wéi méiglech bleift, soll dat an Zukunft änneren. 2€ pro Video oder 9€ all Mount. Wéini dës Ännerungen a Kraaft trieden, steet awer nach net fest.
Och d’Musekschoulen si viraussiichtlech nach bis de 4. Mee zou. Fir dass d’Schüler awer den Interessi un der Musek net verléieren, iwwerleeën si sech ëmmer rëm nei Saachen. Zum Beispill huet d’UGDA e YouTube Kanal gestart. Hei poste si Videoe bei deenen d’Kanner matsangen a matdanze kënnen. Ausserdeem stellen si all Woch en neit Instrument vir.
Ma och fir déi, déi eventuell schonn en Instrument spillen, ginn et Aktivitéiten. Zanter gutt enger Woch leeft zum Beispill de Concours „TAKE TWO TO SIX“. En Online Concours fir Jazz-, Pop- a Rockgruppen. De Concours ass fir Kanner a Jugendlecher tësche 6 an 21 Joer, si sollen sech zu 2 bis 6 Leit zesumme setzen an e Video „à distance“ ophuelen. Dat mat enger Original Kompositioun oder enger Coverversioun vu maximal 2 Minutten. All Grupp huet d’Fräiheet de Video Clip esou ze gestalten, wéi e wëll.
Weider Informatioune fir de Concours

Dëst Joer wier et déi 9. Editioun vum Like a Jazz Machine Festival zu Diddeleng gewiescht. Vum 14. bis den 17. Mee wieren Jazz Fans hei rëm op hir Käschte komm. Wéinst dem Coronavirus hunn d’Organisateuren de Festival awer missen ofsoen.
Line Up vum Like a Jazz Machine Festival 2020Um Programm stoungen och dëst Joer rëm vill Lëtzebuerger Kënschtler, dorënner zum Beispill den Edsun. Säin Optrëtt Live aus der Stuff kann ee sech awer nach online zu all Moment erëm ukucken.
Esou wéi Concerte vu villen anere Kënschtler. D’Aktioune „Live aus der Stuff“ a „Crazy Quarantine Session“ lafen nämlech nach ëmmer a brénge ronderëm d’Woch nei Concerte bei d’Leit heem.