Et war eng ongewéinlech Zesummenaarbecht tëscht dem Musée d'Histoire et d'Art an dem Centre Hospitalier du Nord. D'Scanne vu Skulpture war eng Première zu Lëtzebuerg. Domadder soll een ee besseren Abléck an d'Banneliewe vun dëse Figure kréien. Esou kann een ënnert anerem besser novollzéien, wéi d'Skulpture gebaut goufen.
Ma och fir d'Restaurateuren, déi dës Skulpturen ënnerhalen, kënne bei dësen Analyse wäertvoll Informatiounen erauskommen. Wat si méi iwwert ee Wierk wëssen, wat si besser kënnen aschätzen, wéi een domadder ëmgoe muss. Bei de Figuren handelt et sech ëm spuenesch Skulpturen aus dem 17. Joerhonnert vum Kënschtler Pedro de Mena. Zeréck am Depot gëtt nach een drëtten Test gemaach, dës Kéier, fir d'Iwwerfläch oder och d'Faarwe méi genau ënnert d'Lupp ze huelen. Esou gesäit een, ob d'Skulptur schonn eng Kéier restauréiert ginn ass. All Manipulatioun kann een un der Faarf feststellen. Dass een dat erkenne kann ass awer och sou gewollt. Wann dat net de Fall wär, géif een d'Skulptur an hir Geschicht verfälschen. Besonnesch impressionnéiert war d'Restaurateurin vun den Ae vun enger vun de Figuren. Dat si gliese Kugelen, déi an de Kapp agelooss sinn.
Eng Auswiel vun de Resultater gëtt et vum 24. Januar un am Musée d'Histoire et d'Art op enger Ausstellung ze gesinn.
RTL NEWS: Skulpture vum Pedro de Mena am Ettelbrécker Spidol