LuxFilmFest 2020 - 1. Blog vum Joy HoffmannSkin Walker, Collective, Tune into the future a weider Filmer

Joy Hoffmann
De Joy Hoffmann gëtt en Iwwerbléck op d'Lëtzebuerger Filmer, déi um LuxFilmFest gewise ginn.

Et si nach ni esou vill Lëtzebuerger Laangspillfilmer (Fiktioun an Documentaire ) um Luxfilmfest an der Sektioun “Made in Luxembourg” gewise ginn, wéi dëst Joer. Wa mer richteg gezielt hunn, sinn et der am ganze 15, all als national Première. An derbäi kommen dann och nach di 9 Kuerzfilmer, déi an der traditioneller, an ëmmer laang am viraus ausverkaafter, Spezial Seance gewise ginn.

Am Virdergrond wat d’Fiktiounsfilmer ugeet, steet natierlech di eenzeg lëtzebuergesch majoritär Produktioun, déi de Christian Neuman allerdéngs an englescher Sprooch gedréint huet. A sengem Psychothriller SKIN WALKER soll de Spectateur sech an di paranoid Welt vun enger schizoider Fra erafillen, déi ënner traumateschen Erliefnesser aus hirer Vergaangenheet leit.

© LuxFilmFest

Änlech bizar, surreal a wuel nach méi verréckt gesäit sech och dem kanadesche Realisateur Bruce McDonald säin DREAMLAND un. Hei engagéiert e Gangsterboss e Killer fir him de Fanger vun engem toxikomane Jazzmuseker ze bréngen. Béid Filmer wende sech wuel éischter u Frënn vum Cinéma Fantastique.

Och e bësse bizar ass d’Geschicht vum JUMBO vun der belscher Realisatrice Zoe Wittock. Hei verléift e jonkt Meedchen sech an e Fouerkarussell. Iwwer JUMBO hate mer viru kuerzem am Blog iwwer d’Berlinale méi am Detail geschwat.

Wéi esou oft däerf dann och net en excellenten Animatiounsfilm feelen, dës Kéier LE VOYAGE DU PRINCE vum Jean-François Laguioni, eng gesellschaftskritesch Fabel, déi sech, wéi a sengem Meeschterwierk “Le château des singes”, an der Déierewelt ofspillt.

© LuxFilmFest

Bei den Documentairen stécht ee Film ouni Diskussioun eraus: COLLECTIVE vum däitsch-rumänesche Realisateur Alexander Nanau, iwwert en déidlecht Feier an enger Disco zu Bukarest, an déi katastrophal Gestioun duerch di staatlech Instanzen. Den Alexander Nanau hat 2015 mat “Toto et ses Soeurs " de Präis fir de Beschten Documentaire um Luxfilmfest gewonnen, a war och deemools a Kontakt mat sengem haitege Lëtzebuerger Koproduzent Samsa Films komm.

COLLECTIVE ass och dëst Joer déi eenzeg Lëtzebuerger Koproduktioun, déi a Competitioun leeft. De Festival hält do u senge strenge Qualitéits-Krittäre fest, och wann dat net all Lëtzebuerger Produzent gefält. An 10 Joer Festival war bis elo just de “Gutland” vum Govinda van Maele fir d’Fiktiouns-Kompetitioun selektionéiert ginn, mat nach zwou minoritäre Koproduktiounen, “Mein bester Feind"vum Wolfgang Murnberger, an “Sunset Song” vum Terence Davies. Bei den Documentairen hate just den “Eldorado” vum Trio Abreu/Besseling/Tanson an dem Pol Cruchten säi “Voices from Chernobyl” et 2016 an d’Kompetitioun gepackt.

Niewent dem COLLECTIVE, huet och nach den Tom Alesch a MENG ÄERD sech mat originellen Nohaltegkeets -Initiativen zu Lëtzebuerg beschäftegt, wärend d’Julie Schroell an de Nicaragua gereest ass, an am RACONTE-MOI LE FLEUVE weist wat fir Konsequenzen d’Constructioun vun engem Kanal duerch eng chinesesch Entreprise op d’Awunner huet.

© LuxFilmFest

Besonnesch visuell interessant misst och TUNE INTO THE FUTURE vum Eric Schockmel ginn. Hien huet vill Animatioun a säin Documentaire agebaut fir e Portrait vum Hugo Gernsback ze zeechnen, dee jo um Ufank vum 20. Joerhonnert vu Lëtzebuerg an d’USA ausgewandert ass, an do zum Grënner vun der Science-Fiction gouf.

Déi aner Lëtzebuerger Koproduktioune goufen all am Kader vum Cineworld-Programm vum Filmfong finanzéiert. Matt relativ wéineg Sue sollen hei Filmer mat klengem Budget a vu confirméierte Realisateuren(tricen) ënnerstëtzt ginn, déi aus Länner mat enger manner entwéckelter Cinematographie kommen. De kloer affichéierte But ass fir op internationale Festivaller fir Lëtzebuerg Präisser ze sammelen. Ob dat effikassen “Nation branding” ass sief dohigestallt. Op alle Fall zielen dës Filmer zu deene beschten, déi de Filmfong finanzéiert, an et kommen och vill Festival-Selektiounen a Präisser dobäi eraus. Déi Filmer beschäftegen sech dann och all mat gesellschaftskriteschen Themen. DEMAIN JE TRAVERSE (Griicheland) an LES EPOUVANTAILS (Tunesien) behandelen dramatesch Auswierkunge vum Syrie-Krich op Zaldote respektiv Fraen. BETWEEN HEAVEN AND EARTH (Palestina) a RED FIELDS (Israel) thematiséiere gesellschaftlech a politesch Problemer an deenen zwee Länner, woubäi RED FIELDS op enger Rock-Oper baséiert an éischter eng surrealistesch Approche huet. Iwwer den excellenten iranesche Film YALDA, deen no der Präisiwwerreechung gewise gëtt, hate mer och schonns an onsem Blog iwwer d’Berlinale beriicht.

All dës “Made in Luxembourg"-Filmer lafe just eng Kéier als Avant-Première um Festival, a kommen natierlech duerno am Kino eraus. Et stellt sech d’Fro, ob dës grouss Zuel vu Lëtzebuerger Filmer de Festival net e bësse parasitéieren. Wuel hu vill grouss Festivaller och eng sougenannten national “Showcase” an hirem Programm. Fir d’Organisateure vum Luxfilmfest boosten dës ëmmer ausverkaaften Avant-Premièren d’Besicherzuelen. A fir Produzente gëtt et finanziell Avantagen an och sënnvoll a nëtzlech Promotioun fir hir Filmer. Trotzdeem ass et schued feststellen ze mussen, dass de gesamte Lëtzebuerger Filmmilieu sech verständlecherweis op dës Avant-Première stierzt, an ee kaum ee vun hinnen an den excellente Kompetitiouns-Seance gesäit, déi d’Kärstéck vum Luxfilmfest ausmaachen an déi méi Zuschauer verdéngt hätten, besonnesch wou vill vun deene Filmer net bei ons an de Kino kommen.

All detailléiert Informatiounen iwwert d’Filmer fënnt een um Site Luxfilmfest.lu

Back to Top
CIM LOGO