
An Däitschland si jo Versammlunge vu gréissere Mënschemasse bis den 31. August verbueden, zu Lëtzebuerg bis den 31. Juli. Ma net just eleng de bekannte Festival “Rock am Ring” um Nürburgring gouf ofgesot, och de berüümten Heavy-Metal-Festival “Wacken” kann dëst Joer net iwwer d’Bün goen. Et géing den Ament no Optioune fir déi verkaaften Tickete gekuckt ginn. D’Keefer misste sech nach een Ament gedëllegen.
An der Belsch ass dëst Joer iwwerdeems och kee “Pukkelpop”, e ganz beléifte Festival och bei de Lëtzebuerger. Out och fir en aner grousse Festival bei eise belschen Noperen: de Rock Werchter.
Wat Lëtzebuerg betrëfft, gëtt et dëst Joer ënnert anerem keng Fête de la Musique am ganze Land, kee Siren’s Call, keen Echterlive an och keen Openair Housen.
Zanter Wochen huet et scho bal utopesch gewierkt, dass Museksfestivaller mat dausende Leit op enger Plaz kéinten an Zäite wéi dësen organiséiert ginn. Ee Grond, wisou ee sech bei der Annulatioun Zäit gelooss huet, wiere Versécherungsfroen, huet de President vum Bundesverband fir Concerten a Veranstaltungswirtschaft (BDKV), Jens Michow, DPA géintiwwer gesot.
Eng Annulatioun dierft sech net just op Rumeuren baséieren, dass e Verbuet vu grousse Manifestatioune komme kéint, erkläert hien. Well een net wéisst, wat déi nächst Woche mat sech brénge wäerten, missten d’Organisateure weider plangen. Dowéinst hätt een esou laang gewaart.
Ënnert bestëmmte Konditioune kënnen d’Visiteuren hir Suen zeréckkréien. Wéi Focus schreift, géing ee seng Sue vum Ticket rembourséiert kréien, wann de Festival wéinst dem Coronavirus huet missen annuléiert ginn. Dat selwecht gëllt fir Manifestatiounen, déi verréckelt goufen an een op deem neien Datum awer net deelhuele kann.