
Dem amerikanesche Kënschtler Edward Hopper (1882-1967) seng, a kale Faarwe gehalen, realistesch Wierker, weisen einsam Mënschen, déi eleng doheem sëtzen, liesen oder verdreemt aus der Fënster kucken. Si weisen Haiser, déi ganz eleng stinn a Stroossen, déi wéi ausgestuerwe wierken.

Wéi einfach a fräi mer eis eigentlech beweege kënnen, ass ville Leit elo, an Zäite vu Social Disctancing an Isolatioun, réischt richteg bewosst ginn. Mir sëtzen dobannen a verlaangeren no dobaussen.
Dem Hopper säi Wierk „Morning sun“ spigelt eis momentan Situatioun wuel mat am beschten erëm. Eng Fra sëtzt ganz eleng op hirem Bett. Si ass wuel grad erwächt an d’Sonn schéngt duerch d’Fënster an dat kaalt Zëmmer eran. Duerch d’Fënster kann een d’Ëmrësser vun enger Stad erkennen, D’Fra kuckt verdreemt eraus an et schéngt, wéi wa se sech géif froen, wat se mam Dag ufänke soll. Hire Bléck wierkt gedankeverluer a besuergt.

Dass dëst an de Groussdeel vu sengen anere Wierker eis momentan Situatioun esou gutt beschreiwen, dat hätt de 1967 verstuerwene Kënschtler wuel net geaant.
Och dem Hopper säi wuel berüümtste Wierk „ Nighthawk“ passt an eis Zäit. Hei sëtzen d’Leit zwar an engem Restaurant un der Bar, wat mir jo momentan net kënnen. Ma déi 4 Persounen, déi do ze gesi sinn, halen och Ofstand. Si sinn zwar zesummen do an awer aleng fir sech. Dëst Wierk ass och an enger Zäit entsanen an där d’Leit net dacks virun d’Dier gaange sinn. Et waren d’Wochen no Pearl Harbor, bei deem d’USA duerch e japaneschen Ugrëff mat an den 2. Weltkrich involvéiert goufen. Iwwerall sinn Übungen duerchgefouert ginn. Keen huet sech raus getraut. D’Foussgängerzon ass genee sou eidel wéi bei eis momentan an d’Geschäfter ronderëm stinn all eidel.

Op de soziale Medie ginn d’Biller vum Edward Hopper den Ament vill gedeelt an diskutéiert.
D’Fondatioun Beyeler zu Basel zum Beispill, huet hir Edward Hopper Ausstellung, déi eigentlech momentan lafe géif, op Instagram verluecht. Reegelméisseg poste si seng Wierker a schreiwe ganz Erklärungen dobäi.
Viru knapps zwou Wochen hunn si och en neien Challenge lancéiert. D’Leit sollen sech un senge Wierker inspiréieren an eng Foto aus dem eegenen Isolatiouns-Alldag posten. All d’Resultater fënnt een ënnert dem Hashtag #FollowHoppersView.
Instagram Fondation BeyelerOch wann dem Hopper seng Figuren traureg a besuergt wierken, d’Faarwen a senge Biller si lëschteg. Op all senge Wierker schéngt d’Sonn oder et ass eng Luucht iergendwou un.
A genee doru sollte mir eis dann och festhalen. Egal wat et fir däischter Zäite momentan sinn, iergendwou gëtt et ëmmer ee Liichtbléck.