
Schauspiller, Filmdirekter a Produzent Sean Justin Penn ass op engem 17. August zu Santa Monica op d’Welt komm. Zanter him als 20 Joer ale Mann den Duerchbroch als verdreemten Highschool-Surfer Jeff Spicoli an der romantescher Komedie “Fast Times at Ridgemont High” (1982) gelongen ass, huet de Penn konstant Kontroverse geliwwert - an dat net nëmmen duerch seng aussergewéinlech Schauspillkonscht, duerch déi hien bis elo schonn zwee Academy Awards krut.
Vun heemlechen Treffe mam mexikaneschen Drogeboss Joaquín “El Chapo” Guzmán iwwer d’Verëffentlechung vun der ëmstriddener Satir “Bob Honey Who Just Do Stuff” bis hin zu diverse Geriichtsverhandlunge wéinst Vandalismus a physescher Gewalt war alles dobäi.
Viru Kuerzem huet de Schauspiller duerch seng Corona-Hochzäit mat der 28 Joer aler Schauspillerin Leila George erëm fir Schlagzeile gesuergt.
Och a senger laanger Karriär huet de Schauspiller de Public ëmmer erëm iwwerrascht. 1985 huet en den Drogendealer a Spioun, Andrew Daulton Lee, am biografesche Film “The Falcon and the Snowman” gespillt. 1994 an 1996 war hie jeeweils fir e Golden Globe Award nominéiert fir seng Rollen an “Carlito’s Way” an “Dead Man Walking”, éier hien duerch seng Roll am Thriller “Mystic River” souwuel mam Golden Globe ewéi mam Academy Award ausgezeechent gouf.
Parallel zu sengen Exploite virun der Kamera huet de Penn dann och 1991 säin Debut als Filmregisseur an Dréibuchauteur gemaach. Den Drama “The Indian Runner”, dee vum Bruce Springsteen sengem “Highway Patrolman” inspiréiert ass, erzielt d’Geschicht vun zwee Bridder, déi esou ënnerschiddlech si wéi et nëmmen geet. De Frank Roberts ass e Veteran, deen nom Vietnamkrich Schwieregkeeten huet, sech der Gesellschaft erëm unzepassen, wärend säi Brudder, de Joe, sech an enger klenger Stad als Hëllefssheriff etabléiert huet. D’Resultat ass eng emotional a maträissend Geschicht iwwert Léift, Famill a mënschlech Ondugenden.
Dëst sollt den Ufank vun enger kontinuéierlecher Regisseurskarriär ginn aus där Filmer wéi “The Crossing Guard” (1995), “Into the Wild” (2007) an “The Last Face” (2016) stamen. Déi neisten Ajoute, “Flag Day”, ass en Drama mam Miles Teller, Katheryn Winnick an dem Sean Penn senger Duechter, Dylan Frances Penn, a soll dëst Joer nach erauskommen.