
D’Quarantäneflicht huet fir all Dréi an Däitschland gezielt. D’Beruffsgenossenschaft “Energie Textil Elektro Medienerzeugnisse” hätt sech un der Risikobewäertung vum vum Robert Koch-Institut an un engem medezinesche Konzept vun der Produzentenallianz orientéiert, fir d’Reegelen ze lockeren.
A Frankräich hunn d’Kusszeenen am Juni nees ugefaangen, d’Schauspiller mussen awer alle béid negativ op de Covid-19 getest gi sinn.
Fir an der Kris dréinen ze kënnen, hu sech Produzenten, Schauspiller a Genossenschafte Mesuren afale gelooss. Speziell ass do eng Propos vum amerikanesche Schauspiller Tom Cruise.

Fir de 7. Deel vun der Mission Impossible Filmrei fäerdeg ze filmen, hätt hien d’Iddi, an England een “Duerf” ouni Corona opzeriichten. Dat mat Roulottë fir d’Schauspiller an déi ganz Crew vum Dréi. D’Dréiaarbechte fir de Film zu Venedeg hu missen duerch d’Pandemie ënnerbrach ginn. Héchstwarscheinlech gëtt erëm de September gefilmt, mat oder ouni Anti-Corona-Duerf, dat virop dobaussen.
Deen ee wëll eng Corona-fräi-Zon, anerer gi kritiséiert, well si net an d’Quarantän gaange sinn. D’Nicole Kidman an de Keith Urban sinn net, wéi et bei enger Arees an Australien üblech ass, fir 14 Deeg an een Hotel gaangen, fir eng Quarantän auszesëtzen. Si goufe mat hiren Duechteren doheem gesinn. Der Press gouf gesot, datt d’Nicole Kidman als Produzent vun engem Film isoléiert ënner Opsiicht vun der Police doheem wier, fir esou besser schaffen ze kënnen. Op de soziale Medie hu vill Leit sech opgereegt a gesot, datt berüümt Leit keng Extrawurscht solle kréien.
Iwwerdeems huet sech den Hollywood-Star Tom Hanks eng aner Missioun ginn. Nodeems hien a seng Fra de Coronavirus haten, schwätzt hien iwwer d’Krankheet a rifft d’Leit dozou op, Masken ze droen.

An engem Interview huet hien déi kritiséiert, déi net verstinn, firwat ee muss Masken undinn oder Distanz anhalen. Fir Auto ze fueren, misst ee sech och un de Code de la Route halen. Fir déi aner ze respektéieren, wier et mam Coronavirus änlech an et soll ee sech och do un d’Recommandatiounen an d’Reegelen halen.
