
Op der Tëlee huet hie Mëtt der 80er-Joren an der amerikanescher Sitcom “Sweet Surrender” matgespillt. Ausserdeem war hien um Broadway aktiv a Stécker wéi “Lost In Yonkers”, “The Best Man” an “The Assembled Parties”.
Rezent war hien nach an der Netflix-Serie “You” ze gesinn, dat an der Roll vum Buchhändler Ivan Mooney.
De Mark Blum ass un de Suitte vun enger Corona-Infektioun am Alter vun 69 Joer gestuerwen.