Ian HolmSchauspiller aus "The Lord of the Rings" gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Schauspiller Ian Holm ass e Freideg am Alter vun 88 Joer gestuerwen, mellt "The Guardian".
© Twitter / Lost In Film

Hie war ënnert anerem bekannt fir seng Roll als Bilbo an der Filmrei “The Lord of the Rings”. Fir seng Roll als Sam Mussabini am Klassiker “Chariots of Fire” gouf hie fir en Oscar nominéiert.

Donieft huet hien och a Filmer wéi “The Hobbit”, “Alien”, “The Day After Tomorrow”, “Alice Through the Looking Glass” an “Jesus of Nazareth” matgespillt.

Hie wier friddlech am Spidol u senger Parkinson-Erkrankung gestuerwen, an der Géigewaart vu senger Famill a Betreier, sou säin Agent BCC géintiwwer. Seng Fra huet seng lescht Deeg an enger Rei Pastellzeechnunge festgehalen.

Back to Top
CIM LOGO