
Lëtzebuerg war dat 1. Land, dat offiziell seng Präsens op der Weltausstellung zu Dubai confirméiert huet. Den 20. November 2020 fänkt d'Weltausstellung zu Dubai un, eng Kamera iwwerdréit d'Aarbechte vun der Plaz.
D'Live-Biller vun Dubai hei kuckenEng 30 Leit schaffen aktuell um Site, heescht et an engem Communiqué vun de Lëtzebuerger Responsabelen. Iwwer 100 Aarbechter sollen et eng Kéier sinn vu 35.000 Aarbechter um ganze Site.
All 30 Minutte gëtt et en neit Live-Bild vun den Aarbechten, déi da spéider en Zäitraffer-Film erginn.
D'Welt-Expo zu Dubai dauert 6 Méint laang, vum 20. November 2020 bis den 10. Abrëll 2021. D'Organisateure rechne mat 25 Millioune Visiteuren aus der ganzer Welt.