Un de Suitte vum CoronavirusSaxophonist an Afro-Jazz-Star Manu Dibango am Alter vu 86 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De weltberüümte Saxophonist an Afro-Jazz-Star Manu Dibango ass en Dënschdeg am Alter vu 86 Joer un de Suitte vun enger Coronavirus-Infektioun gestuerwen.
© AFP Archivbild

Den Dibango gouf an engem franséische Spidol wéinst enger duerch de Covid-19 ausgeléister Longekrankheet behandelt an ass en Dënschdeg de Moie doru gestuerwen.

De Manu Dibango hat mam Lidd “Soul Makossa” an de 70er Joren e weltwäiten Hit gelant.

Back to Top
CIM LOGO