Live aus der Stuff - ReplayPascal Schumacher

RTL Lëtzebuerg
Dem Pascal Schumacher säi Keller war en Donneschdeg den Owend seng Bün.
© Lynn Theisen

Dem Vibraphonist Pascal Schumacher säin neien Album heescht “SOL”. Hei zu Letzebuerg sollt den éischte geplangte Concert den 21. März zu Wolz sinn. Vill Concerten an Europa ware geplangt fir den neien Album ze présenteieren. Ma dofir kritt een dann den Owend scho mol en exklusiven Abléck an di nei Kompositiounen.

Um 20:00 Auer geet et lass, an de Pascal Schumacher spillt net aus senger Stuff, ma aus sengem Museks- Keller, déi Plaz wou de neien Album entstanen ass.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.

Back to Top
CIM LOGO