
Wéi wäert et mat Festivaller wéi Rock am Ring, Wacken oder Hurricane weidergoen? Esou een Evenement ass an Zäite vu Social distancing net méiglech, erkläert de Chef vum gréisste Veranstalter an Europa: “Stellen Sie sich die Festivals vor, wo 100.000 Leute gemeinsam ein Lied singen und mit dem Künstler eins werden. Da ist Social Distancing nicht durchführbar”.
De Beräich vum Evenementiel läit den Ament op Äis, ronn 130.000 Salariéë sinn an där Branche vum Stëllstand betraff, eleng bei Eventim sinn 3.200 Mataarbechter concernéiert. Virun allem d’Existenz vu klenge Veranstalter ass a Gefor, sou de Klaus-Peter Schulenberg am Podcast “Die Stunde Null”.
De Verkaf vun den Tickete geet awer weider. Vill Concerte goufen op d’nächst Joer verréckelt. Aktuell ginn ëm 10.000 Ticketen den Dag verkaf, wat just e Brochdeel vun deem ass, wat soss am Duerchschnëtt verkaf gëtt. Weider huet de Klaus-Peter Schulenberg gesot, dass hie mengt, dass gréisser Concerten eréischt dann nees kënnen organiséiert ginn, wann et e Vaccin oder en entspriechend Medikament gëtt.
